Viviane Ecker

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Viviane Ecker
Gebuer 20. Abrëll 1952
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

D'Viviane Ecker, gebuer den 20. Abrëll 1952 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesche Juristin, Docteur en Droit.

Den 29. Mäerz 2001 gouf si zum Member vum Staatsrot ernannt an den 18. November 2009 zur Vizepresidentin[1]. Vum 23. Dezember 2014 bis den 28. Mäerz 2016 hat si d'Presidence a war domat déi éischt Presidentin vun där Institutioun[2]. Hiren Nofollger gouf de Georges Wivenes.

Zanter Juli 2023 ass si Member vum Conseil national de la justice, dee mam Akraafttrieden vun der neier Verfassung agefouert gouf[3][4].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Conseil d'Etat du Grand-duché de Luxembourg: Membres depuis 1857, op conseil-etat.public.lu, 27.11.2012.
  2. (fr)Présidents depuis 1857. conseil-etat.public.lu (2023-01-11). Gekuckt de(n) 09.07.2023.
  3. "Procureur Général d'Etat Martine Solovieff als nei Presidentin vereedegt." rtl.lu, 30.06.2023.
  4. (fr)Arrêté grand-ducal du 22 mai 2023 portant nomination des membres du Conseil national de la justice. data.legilux.public.lu (22.05.2023). Gekuckt de(n) 08.07.2023.