Viviane Reding

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Viviane Reding

D'Viviane Reding gebuer de 27. Abrëll 1951 zu Esch-Uelzecht ass eng lëtzebuergesch Politikerin.

No hirem Studium op der Sorbonne, zu Paräis, dat se mat engem Doktorat ofgeschloss hat, huet d’Viviane Reding vun 1978-1999 als Journalistin an Editorialistin beim Wort geschafft. Tëscht 1986 an 1998 war si Presidentin vun der Union luxembourgeoise des Journalistes.

1979 a 1984 gouf d’Viviane Reding fir allkéiers 5 Joer an d’Chamber gewielt, an tëschent 1989 an 1999 war si Deputéiert am Europaparlament. Vun 1981 bis 1999 war si och am Escher Gemengerot.

An hirer Partei, der CSV, war si 1995-1999 Vizepresidentin, a vun 1988-1993 war se Nationalpresidentin vun de Chrëschtlech-soziale Fraen.

Zënter 1999 ass d’Viviane Reding Member vun der Europäescher Kommissioun. Ënnert der Presidence vum Romano Prodi war si zoustänneg fir Erzéiung, Kultur, Jugend, Medien a Sport. 2004 gouf s'an der Kommissioun vum José Manuel Barroso responsabel fir d'Dossieren Informatiounsgesellschaft a Medien.

2009 huet d'Viviane Reding op hiert Mandat als Europa-Deputéiert verzicht, fir dat se bei de Wale fir d'Europaparlament 2009 gewielt gi war, wéi si vum Jean-Claude Juncker, dem Formateur vun der Regierung, déi aus de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ervirgoe sollt, och fir dat nächst Kommissiounsmandat virgeschloe gouf. De 27. November 2009 huet de José Barroso si zur Vizepresidentin vun der Kommissioun, responsabel fir Justiz, Mënschen- a Biergerrechter, gemaach. Si huet hiert Amt am Februar 2010 ugetrueden.

D’Viviane Reding huet 3 Kanner.

[änneren] Um Spaweck


Commons: Viviane Reding – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen