Vlissingen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Boulevard vu Vlissingen

Vlissingen ass eng Gemeng a Stad am Südweste vun Holland, op der fréierer Insel Walcheren. D'Gemeng hat den 1. Januar 2007 45.015 Awunner. Aner Uertschafte sinn Oost-Souburg (10.500 Awunner), West-Souburg (2.400) a Ritthem (618).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Strategesch gënschteg un der Scheldemëndung an d'Nordmier geleeën, war Vlissingen joerhonnertelaang e wichtegen Hafen. Et gouf 620 als klengt Fëscherdierfche gegrënnt a krut 1315 d'Stadrechter iwwerdroen. Am 17. Joerhonnert war Vlissingen den Haapthafe vun de Schëffer vun der Hollännescher Ostindien-Gesellschaft a stoung domat am Mëttelpunkt vum Sklavenhadel.

Déi strategesch wichteg Lag huet mat sech bruecht, dat et ëmmer nees emkämft a belagert gouf. Fir d'lescht am Zweete Weltkrich, wéi déi Alliéiert am September 1944 déi däitsch Truppen duerch Flächebombardementer vun der Scheldemëndung verdriwwen haten, war vu Vlissingen net méi vill stoe bliwwen.

Vlissingen ass haut haaptsächlech dofir bekannt, datt do déi meescht Schëffer vun der Kinneklecher Marine (Koninklijke Marine) gebaut ginn. Et ass deen drëttgréissten Hafe vun Holland a gläichzäiteg eng beléiften Touistendestinatioun.

Den Numm vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

D'Etymologie vu Vlissingen ass net geséchert; am plausibelsten ass, datt et eppes mat Fläschen (vlessen) ze dinn hätt. Dozou gëtt et e puer Legenden. Eng dovun erzielt, datt den Hellege Willibrord do gelant wier. Hien hätt eng Fläsch matgehat, där hiren Inhalt e mat Heescheleit gedeelt hätt, iwwerdeems e probéiert hätt, se zum Glawen ze konvertéieren. Säi Geschwätz hätt net vill Androck gemaach, wouropshin hien hinnen d'Fläsch gi gehat hätt: Dës wier, duerch e Wonner, nach ëmmer voll gewiescht, obwuel s'all draus gedronk haten. Doropshi wier d'Uertschaft Flessinge genannt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vlissingen – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Gemengen an der Provënz Zeeland
Flag of Zeeland.svg

Borsele | Goes | Hulst | Kapelle | Middelburg | Noord-Beveland | Reimerswaal | Schouwen-Duiveland | Sluis | Terneuzen | Tholen | Veere | Vlissingen

Provënzen