Vltava

Vu Wikipedia
Vltava

Laf a Baseng vun der Vltava

D'Vltava zu Prag.
Längt 430 km
Héicht vun der Quell
oder Zesummelaf
Am Béimesche Bësch: 1.172 m
Duerchschnëttsdebit 150 m³/s
Fläch vum Baseng 28 090 km²
Leeft an: Elbe bei Mělník
Floss - Hydrologie

D'Vltava, op Däitsch Moldau, ass e Floss an Tschechien.

D'Vltava huet hir Quell am Béimesche Bësch. D'Haaptquell vun der Teplá Vltava entspréngt do um Hank vum Černá hora ("Schwaarze Bierg"), op enger Héicht vun 1.172 m, an dréit ufanks den Numm Černý potok (schwaarz Baach). Op enger Héicht vu 731 leeft déi mat der Studená Vltava zesummen, an heescht vun do u just nach "Vltava".

Se leeft da vu Süden no Norde queesch duerch Béimen, ier se da bei Mělník, no engem Parcours vu 430 km, an d'Elbe leeft (déi an Tschechien Labe genannt gëtt).

Ënnerwee leeft se laanscht d'Schlass vu Rožmberk, a leeft ë. a. duerch Český Krumlov, České Budějovice, an d'Haaptstad Prag.

Op hirem Laf gëtt si e puermol gestaut, fir waassergedriwwen elektresch Zentralen unzedreiwen.

De Komponist Bedřich Smetana huet dem Floss e sinfonescht Gedicht a sengem Zyklus Má Vlast ("Meng Heemecht") dediéiert. Dat ass ënner dem däitschen Numm vum Floss als Die Moldau bekannt.

D'Brécken iwwer d'Vltava zu Prag.