Voie de la Liberté

Vu Wikipedia
Maark Nr 00 op der Utah Beach an der Normandie
Maark zu Fréiseng
E Kilometersteen vun der Voie de la Liberté zu Maarteleng ronn 300 Meter vum Monument vun de Chasseurs Ardennais um PK 161,6 vun der N 4 op der rietser Säit a Richtung Baaschtnech.

D'Voie de la Liberté ass no enger Iddi vum Colonel Guy de la Vasselais entstanen.

Dee Wee, deen dem Generol George S. Patton seng 3. Panzerarméi vun Utah Beach mat der Borne "00", a vu Sainte-Mère-Église mat der Nummer "0" u geholl huet, ass vun der Normandie bis op Baaschtnech mat Maarke gezeechent.

D'Voie de la Liberté huet eng Längt vun 1.145 km.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz nom Enn vum Zweete Weltkrich huet de Guy de la Vasselais, e franséische Verbindungsoffizéier tëscht der franséischer an der amerikanescher Arméi, d'Iddi opgeworf fir e Monument opzeriichten, fir un d'Befreiung vu Frankräich, vu Lëtzebuerg an der Belsch duerch d'amerikanesch Arméi z'erënneren; et sollt e Monument sinn dat d'Iddi vun der Fräiheet erëm gi géif. Hien huet virgeschloen op all Kilometer laanscht d'Stroossen, iwwer déi de Patton mat senger 3. Panzerarméi komm ass, eng Maark opzestellen.

Vu Utah Beach an der Normandie féiert d'Voie de la Liberté iwwer 1.145 km duerch Nordfrankräich a Lëtzebuerg bis op Baaschtnech. Am Ganze besteet d'Monument aus 1.146 Kilometersteng.

D'Maark gouf vum Sculpteur François Cogné entworf. Se ass ursprénglech aus rosaem Zement, huet eng Héicht vun 1,20 m a weit 435 kg. Op der Maark ass eng Fakel mat Flamen, déi där vun der New Yorker Fräiheetsstatu gläicht, déi aus dem Mier erauskënnt an a Richtung Osten gedroe gëtt. Am ieweschten Deel vun der Maark sinn iwwer de ganzen Ëmfang 48 Stären déi déi deemools 48 Vereenegt Staaten duerstellen, déi un der Befreiung deelgeholl hunn. A Frankräich si laanscht de grousse Stroosse vill ursprénglech Maarke mat Kopien aus méi liichtem Material ersat ginn, déi bei Verkéiersaccidenter manner geféierlech sinn

D'Voie de la Liberté ass den 18. September 1947 zu Fontainebleau offiziell ageweit ginn.

Uertschaften op der Voie de la Liberté[änneren | Quelltext änneren]

Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Belsch[änneren | Quelltext änneren]

D'Kilometersteng[änneren | Quelltext änneren]

Där Kilometersteng goufen der e puer vu Lëtzebuerg als Kaddo un amerikanesch Uertschafte verschenkt, wou sech vill lëtzebuergesch Auswanderer néiergeloss haten, fir un d'Befreiung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich duerch amerikanesch Zaldoten z'erënneren, an zwar Luxemburg am Iowa, Luxemburg am Minnesota a Luxemburg am Wisconsin.

Baussent der Streck gëtt et eng zousätzlech Maark an der Kathedral Saint-Louis vum Hôtel des Invalides zu Paräis. An där Maark ass Buedem dran, deen 1945 vun den amerikanesche Kierfechter laanscht der Voie de la Liberté geholl gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Voie de la Liberté – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hohengarten, A., 2014. Die Stadt Luxemburg unter dem Hakenkreuz (1940-1945). Ein alternativer Stadtführer. Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht. Erweidert Neioplo. ISBN 978-2-87964-138-6 [D'Bornen an der Stad Lëtzebuerg: S. 88-89.]