Voilà Luxembourg

Vu Wikipedia
Voilà Luxembourg
Éischt Ausgab Januar 1991
Lescht Ausgab 1995
Land Lëtzebuerg
Editiounshaus Éditions Guy Binsfeld;
fir de Service Information et Presse


Voilà Luxembourg war eng lëtzebuergesch Zäitschrëft, vun där Ufank de 1990er e puer Ausgaben erauskoumen. Si ass an dräi verschiddene Sproocheformater (op Däitsch, Franséisch, Englesch)[1] bei Éditions Guy Binsfeld erauskomm.

Déi éischt Nummer koum am Januar 1991 eraus, déi 7. a lescht 1995 fir d'Kulturjoer.[2] D'Oplo louch bei 22.000 Exemplaren.[1]

Responsabel fir d'Coordination redactionelle war de Rob Kieffer[1] an Editeur de Service Information et Presse vum Lëtzebuerger Staat, deen d'Zäitschrëft lancéiert hat fir den Image vu Lëtzebuerg am Ausland ze stäerken. Den Erfolleg dovu gouf awer bezweifelt.[3]

Aus Käschtegrënn gouf no e puer Joer d'Produktioun opginn. D'Käschte vun enger Editioun louchen tëscht sechs an aacht Millioune Lëtzebuerger Frang. Eng Extraeditioun fir d'Weltaustellung zu Sevilla ass 1992 op Spuenesch mat enger Oplag vu 35.000 Exemplaren erauskomm an huet am Ganze 12 Millioune Frang kascht.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Voilà Luxembourg N° 6 - Wanter 1994/95
  2. Impressum vun der Nummer 1 a 7.
  3. Artikel "Sparflamme" am Lëtzebuerger Land vum 13. November 1992, Säit 1