Voilemont

Vu Wikipedia
Voilemont
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Marne
Arrondissement Sainte-Menehould
Kanton Argonne Suippe et Vesle
Postcode 51800
Gemengecode 51650
Koordinaten 49° 02’ 55’’ N
      04° 47’ 56’’ O
Fläch  581 ha
Bevëlkerung  44 (1999)

Voilemont ass eng franséisch Gemeng am Departement vun der Marne an der Regioun Grand Est.

D'Uertschaft läit am Dall vun der Yèvre déi an d'Auve en Niewefloss vun der Aisne leeft.

Ëm Voilemont gëtt et Steekaule wou Kalleksteen ofgebaut gëtt.

Voilemont war schonn an der Merowengerzäit bewunnt, an huet duerno zum Besëtz vun de Grofe vun Dampierre gehéiert. Am 15. Joerhonnert huet Voilemont der Famill Cauchon gehéiert.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]