Voiture Corail

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Corail Voituren an der Paräisser Gare Saint-Lazare
Corail Steierwoon zu Stroossbuerg

Als Corail Voiturë bezeechent een eng Serie vu Persounevoiturë vun der SNCF, an duerno vun den CFL, fir den nationalen an internationale Schnellzuchverkéier. Corail ass dobäi souwuel eng Ofkierzung vum franséischen " Confort sur Rail ", wéi och eng Uspillung op déi korallefaarweg Diere vun der ursprénglecher Livrée. Si goufen a 7 Tranchë vun der SNCF tëscht 1975 an 1984 an Déngscht gestallt.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Corail-Voituren hunn eng Standardlängt vu 26.400 Millimeter an eng Breet vun 2.825 Millimeter.
  • D'Héchstvitesse variéiert jee no Modell a kann 160 km/h, 180 km/h oder 200 km/h sinn. Bei der TER Alsace kommen och Voiturë fir 200+ an den Asaz.
  • Et komme bei verschiddenen TERen och Steierween an den Asaz. Bei der TER Alsace geschitt dat och bei Zich fir 200 km/h.

Typen[änneren | Quelltext änneren]

Et ënnerscheet een 2 Serië vu Voituren déi fir ënnerschiddlech Asätz bestëmmt waren. D'VUe ware fir den EuroCity-Betrib bestëmmt, während d'VTUen éischter am Trafic op de groussen Axen a Frankräich lafe sollten.

VTU Serie[änneren | Quelltext änneren]

Déi Serie besteet aus Voiturë mat Mëttelgang. Et gëtt där Voiturë mat nëmmen éischter Klass (A10tu) an nëmmen zweeter Klass (B10t a B11tu), an där mat éischter an zweeter Klass (A5B5tu). Et gëtt 5 Restaurantswagonen déi ënner der Bezeechnung B5rtux lafen.

Bei dëse Bezeechnunge steet de Buschtaf A fir éischt Klass, B fir zweet Klass an d'Ziffer steet fir d'Zuel vun imagninäre Compartimenter fir déi jeeweileg Klass, oder anescht gesot fir d'Zuel vu Fënsteren an der jeeweileger Klass.

VU Serie[änneren | Quelltext änneren]

Déi Serie besteet aus Voituren déi a Compartimenter ënnerdeelt sinn. Do ënnerscheet een tëscht A4B6u, B11u an enger Serie B6Dux-Fourgonen.

Asaz[änneren | Quelltext änneren]

D'Corail Material war fir den internationale Schnellzuchtrafic geduecht a gouf zanter 1975 och op den internationale Verbindungen tëscht Frankräich a sengen Nopeschlänner agesat. Zanter 1992 gi fir d'éischt déi national an duerno déi international Schnellzich schrëttweis duerch TGV-Zich ersat. Haut fënnt een d'Coraile virun allem op den TER Zich. Mat Ausnam vun de Lunéa-Zich, ass den EuroCity 295/296 Jean Monnet haut den eenzegen Zuch op deem SNCF Corail-Voiturë regulär an d'Ausland fueren. Fir de Rescht komme se nëmmen nach bis an d'Grenzgaren, zum Beispill Ventimiglia a Portbou.

Corail bei den CFL[änneren | Quelltext änneren]

Corail Voiture an der Stater Gare, als Deel vum Blankenberge-Express

Bis 2007 gouf et tëscht den CFL an der SNCF en Accord fir Ausgläichsleeschtunge fir d'Verbindunge Lëtzebuerg - Paräis a Lëtzebuerg - Nice. Dat huet geheescht datt CFL Material a Frankräich gelaf ass, fir den Asaz vun SNCF Material zu Lëtzebuerg ze kompenséieren. Fir dat ze maachen, hunn d'CFL bei der SNCF am Ganze 16 Corail-Voiturë kaaft. Déi sinn dunn a Frankräich mat SNCF Logo gefuer.

Wéi 2007 den TGV koum, ass dat Material net méi gebraucht ginn, well de Lëtzebuerger Staat sech um Bau vun der LGV Est finanziell bedeelegt huet.

Déi 16 Voiturë sinn zanterhier am Asaz bei den CFL. Si kruten en CFL Logo a lafen haut op de Schnellzich a Richtung Schwäiz, Léck, Bréissel an am Lëtzebuerg-Blankenberge-Express.

Et handelt sech ëm 9 VTU B10tu vun 1975, 4 VTU B10tu vun 1982 an 3 VU A4B6u vun 1975. Dat ganzt Material ass 2002 moderniséiert ginn, an ass fir eng Héchstvitesse vun 160 km/h zougelooss.

Am Abrëll 2010 gouf bekannt datt d'CFL plangen d'Corailmaterial bis Juli 2010 ze verkafen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

D'CFL Corailen um rail.lu

Commons: Voiture Corail – Biller, Videoen oder Audiodateien