Voiture I11

Vu Wikipedia
Voiture I11 SNCB
Stéckzuel: 198
Constructeur: BN
Baujoren: 1995
Ausmusterung: Nach a Betrib
Déngschtmass: 52 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 26400 mm
Héicht: 4050 mm
Héchstvitesse: 200 km/h
Alimentatioun: 1,5 kV Gläichstroum
3 kV Gläichstroum
15 kV 16 ⅔HzWiesselstroum
25 kV Wiesselstroum 50Hz

D'I 11 sinn Eisebunnsvoiturë vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB déi am InterCity- an EuroCitytrafic agesat ginn.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

  • Gebaut goufe se vu La Brugeoise et Nivelles, wat haut eng Filial vu Bombardier ass.
  • Ursprénglech gouf dat Material an der Iddi gebaut de Confort vun den TGVzich och am Inland z'offréieren. Si zeechne sech duerch eng grouss Beenfräiheet an en hellen Interieur aus. Si sinn och besonnesch gutt géint de Kaméidi dee beim Fueren entsteet isoléiert.
  • D'Steierween kënne mat der Serie 13 SNCB reversibel fueren, an dat alt bis 200 Km/h.
  • Si gläiche souwuel vu banne wéi vu bausse staark den Automotricen AM96.

Bestand[änneren | Quelltext änneren]

Déi 142 Mëttelvoiturë goufen am Joer 1995 an 2005 an den Typpen A a B gebaut. Déi 21 Steierween sinn exklusiv mat den SNCB 13 homologéiert.

Technesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Alimentatioun vun de Voituren iwwer d'Maschinn funktionéiert ënner follgende Reseauen:

Si muss genee wéi déi vun de Lokomotiven op der Grenz vun zwéi Stroumsystemer geännert ginn. Op der InterCity A Streck geschitt dat zweemol an um InterCity O souguer dräimol.

Mëttelvoiturë vun den Typpen A a B[änneren | Quelltext änneren]

Interieur vun enger Mëttelvoiture zweeter Klass

D'Mëttelvoiturë vum Typ A hunn en Zentralgang mat enger Rei eenzele Sëtzer op der enger Säit, an enger duebeler Rei Sëtzer op där anerer. Bei de Mëttelvoiturë vum Typ B sinn op béide Säite vum Gang 2 Sëtzreien.

Mëttelvoiture A Mëttelvoiture B
Baujoer 1995 1995
Stéckzuel 36 106
Capacitéit 60 80
Héchstvitesse 200 km/h
Längt 26400 mm
Nummeréierung 11801-11836 12801-12906

Steierween[änneren | Quelltext änneren]

An de Steierween, genannt I11BDx, si genee wéi an de Mëttelvoiturë B, 2 Reie Sëtzer op béide Säite vum Mëttelgang. Well hanner dem Poste de Commande eng Gepäckoflag ass, hunn d'Steierween nëmme 56 Plazen. D'Steierween si vu baussen der Serie 13 SNCB ugepasst, mat där se reversibel bis 200 km/h fuere kënnen.

Steierwon
Baujoer 1997
Stéckzuel 21
Capacitéit 58
Héchstvitesse 200 km/h
Längt -
Nummeréierung 19801-19821

Asaz[änneren | Quelltext änneren]

National[änneren | Quelltext änneren]

International[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

I11 op Belrail