Volbeat
Volbeat ass eng dänesch Museksgrupp, déi 2001 vum Michael Poulsen (Gesang a Gittar), Teddy Vang (Gittar), Anders Kjølholm (Bassgittar) a Jon Larsen (Batterie) gegrënnt gouf.
Zënterhier hu si 4 Studioalbumen erausbruecht an de Gittarist zweemol geännert, den Teddy Vang ass ee Joer no der Grënnung aus der Band gaangen a gouf vum Franz Gottschalk ersat. Ewéi dësen 2006 d'Band nees verlooss huet, hu si den Thomas Brehdal agestallt, dee bis haut nach an der Band ass.
Déi véier Museker si bekannt fir hire Stil, dee sech aus Metal, Rock 'n' Roll, Country a Blues zesummesetzt. Si bezeechnen hir Musek selwer gären als Elvis-Metal a bezéie sech domat op den Elvis Presley.
Volbeat huet de 26. Juni 2011 um Rock A Field zu Réiser gespillt.
De 17. November 2011 wäerte se hir Tournee vun 2011 mat engem Concert an der Rockhal zu Esch-Uelzecht ofschléissen. [1].
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Volbeat – Biller, Videoen oder Audiodateien |