Volta Ciclista a Catalunya
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Volta Ciclista a Catalunya ass eng Etappecourse déi zënter 1911 a Katalounien gefuer gëtt.
D'Volta gëtt vun der Vëlosektioun vun der Unió Esportiva de Sants organiséiert. D'Unió Esportiva de Sants ass de 26. Abrëll 1922 gegrënnt ginn. Si ass aus der Fusioun vun de véier Entitéiten Internacional CF, Centre Sports de Sants, Club Ciclista Nou Velòdrom de Sants a Velo Club Sants entstanen.
D'Unió Esportiva de Sants an hir Vëlossektioun hunn hire Sëtz zu Barcelona, am Häerz vum Stadvéirel Sants.
Am Joer 1940 huet de Lëtzebuerger Christophe Didier d'Volta gewonnen an de Mett Clemens war zweete ginn.
Zënter 2005 gehéiert dës Course zu der Serie vum UCI ProTour.
D'Gewënner [änneren]
Literatur zum Thema [änneren]
- Juan Plans Bosch: Volta ciclista a Catalunya, Sección de Ciclismo de la M. D. de Sants, Barcelona, 1976
Um Spaweck [änneren]
- Offiziell Websäit vun der Volta Ciclista a Catalunya
- Resultater vun der Volta Ciclista a Catalunya op der Websäit vu Mémoire du Cyclisme