Voltaire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Voltaire (eigentlech François Marie Arouet), gebuer den 21. November 1694 zu Paräis an och do gestuerwen den 30. Mee 1778, war e franséische Schrëftsteller a Philosoph aus dem Zäitalter vun de Lumières.
Hien huet wäit iwwer 700 Wierker hannerlooss, dorënner eenzel Texter, awer och Bicher. Ënnert senge bekannte Romaner sinn ënner anerem Candide a Zadig besonnesch ervierzehiewen. Donieft huet de Voltaire och nach vill Tragédië geschriwwen, wéi zum Beispill Oedipe oder Brutus, an och vereenzelt Comédien.
[änneren] Wierker
- Oedipe, 1718
- Brutus, 1730
- Lettres philosophiques, 1734
- Zadig ou la Destinée, 1747
- Micromégas, 1752
- Le Siècle de Louis XIV, 1752
- Candide ou l'Optimisme, 1759
- Traité sur la Tolérance, 1763
- Dictionnaire philosophique, 1764
- L‘Ingénu, 1767