Voodoo

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Voodoo-Altor mat Fetischen zu Abomey, Benin (2008)

De Voodoo (och Vodùn, Voudou oder Wodu) ass eng Relioun déi ursprénglech aus dem Kinnekräich Dahomey a West-Afrika kënnt an och haut nach a wäiten Deeler am Benin an am Togo praktizéiert gëtt. Wéi am 17. Joerhonnert Sklaven aus där Regioun an Amerika verschleeft goufen, huet sech déi Naturrelioun an Amerika sou wéi an der Karibik verbreet. Et fënnt een de Voodoo och ënner anere Formen op Kuba, op Haiti an an de Vereenegte Staaten, speziell am Louisiana. Ausserdeem gëtt et en och an Nordafrika (ënner liicht anere Formen). Sou ass et de Fall a Marokko an an Algerien, wou e mat der arabesch-musulmanescher Relioun a Folklor vermëscht ass.

Urspronk[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert Vodùn kënnt aus de Westafrikanesche Sproochen an huet eng Komplex Bedeitung. Vodùn bezeechent dat, wat een net beréiere kann a wat fir sech bleiwe sollt, wat net zum profanen (weltlech/alldeeglech) Beräich gehéiert. Et ass ee Geheimnis wat Waasser, Feier, Wand, bestëmmt Planzen, d'Python, bestëmmt Déieren, Quallen, d'Mënschen, souwéi de Kapp vun all Mënsch oder och vu Friemen.

Anerer iwwersetzen d'Wuert och mat Gott oder mat enger iwwernatierlecher Muecht. De Begrëff ass 1593 eng éischt Kéier an der Doctrina Christiana vum spuenesche Pater Juan de Plasencia opgedaucht. Hien huet d'Wuert Vodùn mat Gott, helleg a priisterlech iwwersat. Deemno géif de Begrëff eng ganz Philosophie, déi op Gedold, Geloossenheet a Respekt berout ëmfaassen. Gefor an Onfäll solle gebannt a Mënsche geschützt a gestäerkt ginn. An där Hisiicht ass Vodùn also e positive Begrëff.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Voodoo ass wéi schonn uganks gesot vun de Sklaven an Amerika verbreet ginn. Well dës Sklaven aus verschiddenen Stämm a Kulturen kommen a well am Laf vun de Joerhonnerten déi ursprénglech afrikanesch Relioun mat villen Elementer vum Chrëschtentum duerchmëscht gouf (speziell mat spuenesch-kathoulescher respektiv portugisesch-kathoulescher Relioun) ass de Voodoo kaut alles Aneschters wei eng eenheetlech oder souguer institutionell oder léierméisseg fixéiert Relioun. Schonn d'Bezeechnung vun de Kulte variéiert vu Land zu Land an och zum Deel ennerhalb vun den jeeweilege Länner. Eleng a Brasilien schwätzt ee vu Macumba, Umbanda, Xango, Candomblé oder Batuque. Déi verschidden Ënnerdeelunge sinn, wat d'Nimm vun de Gottheeten an der geneeër Duerchféierung vun de Riten ugeet, verschidden. Zu New Orleans zum Beispill huet sech de Voodoo aus franséischem Katholizismus an Okkultismus mat afrikanescher Relioun zesummegesat.

3 Haaptaspekter vum Voodoo[änneren | Quelltext änneren]

Trotz där bal oniwwersiichtlecher Villfältegkeet vum Voodoo, loosse sech dräi Haaptaspekter erkennen, déi fir déi meescht Forme vum Voodoo zoutreffend sinn. 1. Nach ëmmer pecht um Voodoo de Geroch vun der Sklavespiritualitéit, jo souguer vun der verbuedener Protestrelioun. Voodoo ass "geheim", "verrucht", "verbueden", nëmmen deenen zougänglech, déi keng Angscht vun "primitiven" Erfarungen an Gottheeten hunn. 2. Voodoo denkt animistesch-dänomesch. D'Welt ass voller positiver an negativer göttlecher an hallefgöttlecher Wäisheeten. Déi siichtbar Welt vun de Mënschen an déi onsiichtbar vun den Geeschtwiesen sinn nëmmen duerch eng dënn Wand vum Alldaagsbewosstsinn getrennt. An der (meeschtens duerch Trommelen initiéierter) Extas brécht des Wand an, an déi geeschtlech Wiesen huele vun de Medien (ee Medium) besetz. Des gëttlech Wiesen sinn zum Deel heelend Schutzgëttinne zum Deel awer och wëll a geféierlech Kräften. Mat dësen Zwee richteg eens ze ginn ass d'Konscht déi an der Reegel nëmmen den erfuerene Priister respektiv Priisterin beherrscht. 3. De Voodoo als praktesch Liewenshëllef sicht a fënnt fir all Problemer vum mënschlechen Alldag magesch Léisungen. Heelungen, Léiftenzauber, Schuedzauber, Schutzzauber etc. An der Welt vun der Voodoo-Magie ass näischt onméiglech.

Voodoo Poppen[änneren | Quelltext änneren]

Ee ganz bekannten awer meeschtens iwwerdriwwen duergestallte Brauch ass d'Hierstelle vu Voodoo-Poppen, déi dacks engem bestëmmte Mënsch nogebaut sinn. Heiansdo gëtt och eng Foto op de Kapp vun der Popp gepecht. Duerch d'Stieche vun Nolen an d'Popp sollen dem Betraffene Péng zoufüügt ginn. Virun allem awer ginn Voodoo Poppe fir d Heelung vu Kranke benotzt. Dëse Virgang gouf ursprénglech vun de Priisteren op Haiti benotzt. Déi Poppe sinn aus enger Nout eraus entstanen: Well d'Sklave bei den amerikanesche Sklavenhändler kee Voodoo hunn däerfe praktizéieren, an deementspriechend déi aus Holz geschnëtzt Ofbildunge vun de Gottheeten oder Dämone verbuede waren, hu si d'Gottesofbiller als Poppe getarnt.

Weideres[änneren | Quelltext änneren]

Am Benin ass de Voodoo zesumme mam Chrëschtentum an dem Islam eng offiziell unerkannt Relioun (den 10. Januar ass Voodoo-Feierdag). De 4. Abrëll 2003 ass Voodoo zur offizieller Relioun op Haiti erhuewe ginn. Priister a Priisterinnen hunn op Haiti zanterhier déi selwecht Rechter wei hir kathoulesch Kolleegen. Si däerfen offiziell Leit bestueden, deefen an och Begriefnesser leeden.