Vulcanus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Vulcanus ouni Pileus bei der Aarbecht

De Vulcanus ass de réimesche Gott vum Feier, vun de Blëtzer, vun de Vulkaner a vun der Schmëdd souwéi vun alle Metallhandwierker. De Vulcanus entsprécht dem griichesche Gott vun der Schmaddkonscht Hephaistos. Seng Eltere sinn de Jupiter an d'Juno a seng Kanner de Caeculus an de Cacus. De Vulcanus wunnt ënner dem Etna respektiv ënner der Insel Vulcano, déi no him benannt gouf. Do misst en als Schmadd ënner anerem och Wonnerwaffe fir d'Gëtter an Hallefgëtter erschafen, zum Beispill d'Blëtzer fir säi Papp.

De Vulcanus wor e gescheiten Erfanner a gëtt als handwierklech begaabt, schro mä friddlech beschriwwen. Seng Attributer sinn Hummer, Zaang, Schmaddschiertech an Amboss, ausserdeem dréit en eng himmelblo Pileus wat eng Filzmutz ass. Him helleg woren den Hunn, de Léiw, d'Fiicht an d'Eisen.

Legenden[änneren | Quelltext änneren]

Der Legend no ass de Vulcanus sou ellen, datt d'Gëtter bei senger Gebuert vu Laachen Tréine kruten. Dowéinst geheit d'Juno säin eegent Kand vum Olymp a verleegent et. No dësem Stuerz hippt de Vulcanus fir ëmmer. Fir sech bei senger Mamm ze räche baut en e gëllenen Troun. Nodeems d'Juno sech drop sëtzt, ka se net méi opstoe well onsiichtbar Fesselen se festhalen. Fir si ze befreie verlaangt de Vulcanus fir sech e Gottestatus. Ausserdeem gëtt de Jupiter him dat schéint Venus als Fra. D'Venus bleift him net trei a schléift z. B. mam Mars. De Vulcanus kritt dat awer mat a baut en onsiichtbart Netz an dem de Mars an d'Venus bei hirem Rendez-vous in flagranti gefaange ginn. Dat weist en allen anere Gëtter a jiddwereen am Himmel laacht doriwwer. Soumadder gouf de Vulcanus gerächt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]