Wäibau a Spuenien

Vu Wikipedia

A ganz Spuenien gëtt et am Ganzen 51 Wäibaugebidder mat enger D.O. (Denominación de origen).

Spuenien huet e mediterrant Klima a gutt Buedemqualitéiten, dofir ass de Wäinubau praktesch am ganze Land méiglech. Spuenien huet mat 1,2 Milliounen ha déi gréisst Rieffläch op der Welt, ass awer an der Quantitéit nëmmen den drëtte Produzent. De spuenesch Wéngert gëtt vu ronn 150.000 Wënzer exploitéiert. Eng 5.000 Bodegae produzéiere mat 15.000 verschiddene Marken aus méi wéi 250 Riefzorten vill verschidde Wäintyppen, -stiler a -qualitéiten.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuerzele vum Wäibau a Spuenie gi bis an d'Zäit vun de Phenizier virun 3.000 Joer zeréck. D'Griichen, d'Réimer an d'Araber hunn de Wäibau op der Ibeerescher Hallefinsel gefleegt.

Qualitéitsstufen[änneren | Quelltext änneren]

De spuenesche System fir d'Wäiqualitéit ass d'Andeelung vu Crianza, Reserva a Gran Reserva a gëtt vun der Dauer vun der Entwécklung vum Wäin am Holzfaass an an der Fläsch festgeluecht.

  • Joven: all Wäiner mat manner wéi 6 Méint Holzlagerung
  • Beim Crianza gëtt et zwou Varianten:
    • An de Gebidder Rioja, Ribera del Duero, Vavarra an dem Penedés sinn 12 Méint Barrique Ausbau a weider 12 Méint Fläschelagerung virgeschriwwen.
    • Bei deene meeschten aneren Originsbezeechnungen geet e minimum vu 6 Méint Barriquelagerung duer. D'total Lagerzäit muss awer och hei op e Minimum vun 2 Joer kommen.
  • D'Reserva si Routwäiner mat minimum engem Joer Barriquelagerung an zwee Joer Fläschelagerung.
  • D'Gran Reserva si Routwäiner mat minimum 2 Joer Barriquelagerung an 3 Joer Fläschelagerung.

Ubaugebidder[änneren | Quelltext änneren]

Andalusien[änneren | Quelltext änneren]

Asturien[änneren | Quelltext änneren]

Arágon[änneren | Quelltext änneren]

Balearen[änneren | Quelltext änneren]

Baskeland[änneren | Quelltext änneren]

Extremadura[änneren | Quelltext änneren]

Galicien[änneren | Quelltext änneren]

Kanaresch Inselen[änneren | Quelltext änneren]

Kastilien-La Mancha[änneren | Quelltext änneren]

Kastilien-León[änneren | Quelltext änneren]

Katalonien[änneren | Quelltext änneren]

La Rioja[änneren | Quelltext änneren]

Madrid[änneren | Quelltext änneren]

Málaga[änneren | Quelltext änneren]

Murcia[änneren | Quelltext änneren]

Navarra[änneren | Quelltext änneren]

Valencia[änneren | Quelltext änneren]

Riefzorten[änneren | Quelltext änneren]