Wäibau an Éisträich

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Wäibau an Éisträich konzentréiert sech haaptsächlech op den Oste vun Éisträich. D'Land ass hei flaach an hiwweleg, d'Klima ass méi dréche wéi an den alpine Gebidder. Et gëtt hei véier Wäibauregioune mat ongeféier 48.000 Hektar Rieffläch:

Wäibauregiounen[änneren | Quelltext änneren]

An der Wäibauregioun Wäiland Éisträich, Steiermark a Wien gëtt et 19 offiziell Wäibaugebidder. Als eege Wäibaugebidder definéiert sinn do Nidderéisträich, d'Burgenland an d'Steiermark.

Nidderéisträich[änneren | Quelltext änneren]

Wachau[änneren | Quelltext änneren]

Wachau gehéiert wéinst senger Kulturlandschaft zu der Weltkulturierfschaft. D'Rieffläch huet 1.390 ha an d'Riefzorte sinn de Grénge Veltliner,de Riesling, den Neuburger an de Chardonnay. D'Klima huet kontinental Aflëss. Wat et méi no Weste geet wat de Wäi méi säierzeg schmaacht. D'Biedem bestinn haaptsächlech aus Urgesteen, wéi Gnei, Granit a Schifer. An der Héicht mëscht sech och nach Löss dobäi. A flache Lage sinn et sandeg Biedem mat Löss.

Donauland[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieffläch huet 2.730 ha an d'Riefzorte sinn hei de Grénge Veltliner, de Wäissburgunder, den Zweigelt and de Roude Veltiner. Hei herrscht et staarke pannoneschen Afloss. De Buedem besteet zu 95 % aus Löss.

Kremstal[änneren | Quelltext änneren]

Krems ass eng vun den eelsten Wäistied an Éisträich. D'Rieffläch huet 2.170 ha an d'Riefzorte sinn de Grénge Veltliner,de Riesling an de Roude Veltliner. Den Afloss vum Bësch setzt sech hei duerch a d'Klima gëtt ëmmer méi rau wat ee méi wäit vu Krems ewech ass. An den Häng ass Urgesteenbuedem, soss Löss. Südlech bei der Donau mëscht sech ënner de Löss och nach Kisel a Schotter.

Thermeregioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieffläch huet 2.330 ha an d'Riefzorte sinn de Wäissburgunder, den Neuburger, den Zierfandler an de Routgipfler. En Drëttel vun der Fläch huet rout Riefzorten: de Pinot Noir, de St. Laurent an de Merlot. D'Klima ass pannonesch an de Buedem ass stengeg, karg, deelweis och leemeg a schwéier.

Kamptal[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieffläch huet 3.870 ha an d'Riefzorte sinn de Grénge Veltliner an de Riesling. Ëmmer méi kënnt hei och nach de Wäissburgunder, den Zweigelt, de Chardonnay an de Bloburgunder. Et gëtt hei zwou Klimazonen. Dat dréchent a waarmt Klima an déi rau Loft vum nordwestleche Bësch. De Buedem besteet haaptsächlech aus Gneis mat enger décker Schicht Löss driwwer. An den Toplage gëtt et nach Toun, Schifer, Schotter, Leem a Sand- a Vulkangestengs.

Carnuntum[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieffläch huet 890 ha an d'Riefzorte sinn de Grénge Veltliner, den Zweigelt, de Blofränkeschen an de Cabernet. D'Klima ass pannonesch mat killem Wand vun der Donau an Aflëss vum Neusiedlerséi. De Buedem besteet aus Sand, Leem, Schotter a Löss.

Wäivéirel[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieffläch huet ongeféier 16.400 ha an d'Riefzorte sinn de Grénge Veltliner, de Welschriesling, de Wäissburgunder, den Zweigelt, de Chardonnay an de Bloe Portugis. D'Klima ass mëll a pannonesch an de Buedem besteet aus Granit, Leem, Löss a Muschelkallek.

Burgenland[änneren | Quelltext änneren]

Neusiedlerséi[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieffläch huet 8.310 ha an d'Riefzorte si virun allem den Zweigelt an de Blofränkeschen. Et gëtt hei awer och nach Merlot, Bloburgunder a St. Laurent a wäiss Riefzorte wéi de Chardonnay, de Wäissburgunder an de Welschriesling.

Neusiedler-Hiwwelland[änneren | Quelltext änneren]

Mëttelburgenland[änneren | Quelltext änneren]

Steiermark[änneren | Quelltext änneren]

Weststeiermark[änneren | Quelltext änneren]

Südsteiermark[änneren | Quelltext änneren]

Südoststeiermark[änneren | Quelltext änneren]

Wien[änneren | Quelltext änneren]