Wäibau zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wine Luxembourg.png

De Wäibau gëtt zu Lëtzebuerg laanscht d'Musel, op enger Streck vun 42 km, vu Schengen bis Waasserbëlleg, an och zu Rouspert op der Sauer praktizéiert. D'Lëtzebuerger Wäibauregioun verfügt iwwer een totalen Areal vun 1270 ha (2010).

Fundamental Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

Rieslingsrief

Vun de bebaute Fläche sinn 31 % mat Rivaner-, 14 % mat Auxerrois-, jee 13 % mat Pinot gris- a Rieslingdrauwen a schliisslech 11 % mat Pinot-Blanc-Drauwen ugeplanzt. Den Elbling, dee fréier en héijen Undeel un der genotzter Fläch hat (bis zu 90 %), ass op 10 % zréckgefall. Do donieft gëtt och nach Gewürztraminer ugebaut. Rezent sinn och Versich mat neien, ontraditionelle Riefzorten op der Musel gemaach ginn, mat dem Pinot Noir, dem Chardonnay an dem Muscat. Si falen allerdéngs an der Statistik net an d'Gewiicht, woubäi de Pinot-Noir awer an de leschte Jore vill Zouwues huet.

D'Lëtzebuerger Wäiproduktioun ass duerch extrem staark, wiederofhängeg Schwankunge gekennzeechent, wat, wéinst de klengen, fir den Export disponible Quantitéiten, d'Prospectioun vun auslännesche Mäert schwéier mécht.

Am Joer 2004/2005 sinn zu Lëtzebuerg een Total vu 157 000 Hektoliter Wäi produzéiert ginn. Zur Wäiproduktioun droen haut zu Lëtzebuerg bäi:

  • d'Wënzer, déi Member vun enger Kellereigenossenschaft sinn: eppes 63 % vun der Landesproduktioun;
  • d'Privatwënzer: mat ronn 23 % vun der Produktioun;
  • de Wäinhandel: mat eppes wéi 14 % vun der Produktioun.

Ausser dem Wäin, produzéiert d'Lëtzebuerger Musel och nach zanter 1992 Crémant. Lëtzebuerg huet als eenzegt Land nieft Frankräich d'Recht fir d'Bezeechnung Crémant ze benotzen. Beim Crémant mussen d'Wënzer verschidde streng Konditiounen erfëlle fir datt et Crémant gëtt.

D'Geschicht vum Lëtzebuerger Wäin[änneren | Quelltext änneren]

Wann och vu laanger Zäit hier Wäin an eisem Gebitt produzéiert gëtt, da war dëse Wäin net duerch eng besonnesch Qualitéit bekannt. Et ass nogewisen, datt schonn d'Réimer Wäin op der Musel produzéiert hunn. Während der Zäit vum Zollveräin, deem och Lëtzebuerg bis nom Éischte Weltkrich ugehéiert huet, ass de Wäi vun hei benotzt ginn, fir e mat den däitsche Wäiner ze verschneiden. Qualitéitsufuerderunge gouwen net gestallt. Dat huet sech geännert, wéi Lëtzebuerg 1922 der Union économique belgo-luxembourgeoise beigetratt ass, an Efforten huet misse maachen, fir d'Qualitéit ze verbesseren, besonnesch op folgende Plangen:

  • Méi eng rationell Auswiel vun den ugebaten Riefsorten, mat dem Zil, Qualitéitswäiner ze produzéieren, an deene Riefsorten eng Preferenz ze ginn, déi der Rieflaus besser resistéieren,
  • Aféierung vun enger Prime de déblavement, am Hibléck op d'Suppressioun vum Wäinubau a schlechte Lagen,
  • Aféierung vun engem Wäibauperimeter,
  • Schafung vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut 1925,
  • Schafung vun enger Marque Nationale, 1935 fir de Lëtzebuerger Wäin an Duerchsetzung vu Qualitéitsbestëmmungen,
  • Schafe vun engem Solidaritéitsfong,
  • Promotioun vun der Zesummenleeung vun de Parzellen (Remembrement),
  • Kreatioun,1969 vu Protvigne, déi eng geziilt Hëllef soll gi beim Sprëtze vun de Wéngerten an der Bekämpfung vun der Rieflaus.
  • Participatioun zanter 2012 um Projet Terroir Moselle

Den Encadrement vum Lëtzebuerger Wäibau an d'Wäinbaugenossenschaften[änneren | Quelltext änneren]

D'Wënzer zu Lëtzebuerg hunn ëmmer zesummengehal, wann et geheescht huet hir Interêten ze vertrieden. Schonn 1911 ass de Lëtzebuerger Wënzerverband (Fédération des associations viticoles du grand-duché de Luxembourg) mat Sëtz zu Gréiwemaacher gegrënnt ginn. Du koum et 1921 zur Schafung vun der éischter Genosseschaftskellerei, där vu Gréiwemaacher an 1925 zur Grënnung vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut. Deemools war de Wäibau an enger kritescher Lag an et huet him missen op ville Plaze gehollef ginn.

Eng wichteg Etapp fir de Wäibau war och d'Zesummeleeë vun de Genossenschaftskellereien. Eng eenzeg, Vinsmoselle, ass no der Fusiounswell nach iwwreg bliwwen.

Marque Nationale[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg ass fir de Wäin 1935 eng Marque Nationale agefouert ginn. Dës Marque nationale gëtt duerch eng oval Collerette um Fläschenhals dokumentéiert a seet aus, wéinst de Bestëmmunge vun 1935 an hire spéideren Ofännerungen, datt:

  • de Wäin eng lëtzebuergesch Origine huet,
  • hien ënner staatlecher Kontroll steet,
  • hien net mat auslännesche Wäiner verschnidden ass,
  • seng Qualitéit den europäesche Bestëmmungen entsprécht.

Biologesche Wäibau zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

2012 gouf de Biologesche Wäibau, och nach Bio-Wäibau, vu 7 Wënzerbetriber op am Ganze 25 ha bedriwwen (35 ha am Joer 2013). D'Wënzer ginn dobäi vum Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur (IBLA) beroden.[1]

Wéngerten[änneren | Quelltext änneren]

Musel[änneren | Quelltext änneren]

Sauer[änneren | Quelltext änneren]

Riefzorten op der Lëtzebuerger Musel[änneren | Quelltext änneren]

D'Groussherzoglecht Reglement vum 6. Mee 2004 leet d'Riefzorte fest, déi op der Lëtzebuerger Musel ugeplanzt däerfe ginn.

Riefzort Ugebaute Fläch (2011)[2] Undeel
Auxerrois 185,77 ha 14,58 %
Chardonnay 18,89 ha 1,48 %
Dakapo 0,90 ha 0,07 %
Elbling 99,83 ha 7,83 %
Gamay 0,56 ha 0,04 %
Gewürztraminer 20,80 ha 1,63 %
Muscat ottonel 0,59 ha 0,05 %
Pinot blanc 152,22 ha 11,94 %
Pinot gris (Ruländer) 188,02 ha 14,75 %
Pinot noir 105,20 ha 8,25 %
Pinot noir précoce 1,80 ha 0,14 %
Riesling 156,17 ha 12,25 %
Rivaner (Muller Thurgau) 336,98 ha 26,45 %
Saint Laurent 3,21 ha 0,25 %
Sylvaner 0,64 ha 0,05 %

Gewëssen aner Riefzorten däerfen allerdéngs fir Versich oder fir wëssenschaftlech Zwécker ugeplanzt ginn. Sou war 2011 de wäisse Sauvignon op enger Fläch vun 0,48 ha a verschidden aner Zorten op enger Fläch vun 2,38 ha ugebaut.

D'Riefzort Dakapo däerf nëmme fir de Coupage benotzt ginn a bis zu maximal 10 % bei de Riefzorten Gamay, Pinot noir, Pinot noir précoce a Saint Laurent bäigemëscht ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1999. Guide Klée des meilleurs vins et spiritueux luxembourgeois, Luxembourg.
  • Hemmer, Carlo, 1948. L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Première Partie - Les conditions sociales - La production primaire. Editions Beffort, Luxembourg.
  • Huberty, J., 1992. Les variétés de vigne cultivées au Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 93 : 89-98. PDF (394 kB)
  • Infalt, Constant, 2003. Gedanken zum 75jährigen Jubiläum der Winzergenossenschaftskellerei Stadtbredimus : gravierende Strukturprobleme wurden durch Selbsthilfe in Form von gemeinschaftlichen Einrichtungen besser gelöst! Bauerekalenner Jg. 55: 129-134.
  • Scheuer, Jerry: Marque nationale - appellation contrôlée "Moselle luxembourgeoise", in: Bauerekalenner, Lëtzebuerg, Jg. 55 (2003), Säiten 83-90, ill.
  • Kuhn, Marc: Die Weinkontrolle in Luxemburg, in: Bauerekalenner, Lëtzebuerg, Jg. 57(2005), Säiten 65-70, ill.
  • Gondringer, Marc: Der Weinbau in Gostingen, in: Centenaire des sapeurs-pompiers Gostingen 1905 - 2005, Gostingen, Sapeurs-pompiers, 2005, Säiten 93-103, ill.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wäibau zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Van der Hoef, J., 2012. Biologischer Weinbau nimmt auch in Luxemburg an Bedeutung zu. Das Interesse ist verstärkt vorhanden. Luxemburger Wort vum 22. September 2012, S. 41.
  2. Donnéeë vum Institut viti-vinicole 2011 (Link op pdf-Dokument)