Wäschbur

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wäschbur mat Fassellen zu Cambo-les-Bains

E Wäschbur ass eng Installatioun, déi fréier dozou gedéngt huet, datt d'Leit aus enger Uertschaft oder engem Quartier hir Wäsch mat fléissendem Waasser maache konnten.

Dofir goufe Wäschbure meeschtens laanscht eng Baach, oder do wou eng Quell aus dem Buedem koum, opgeriicht. Meeschtens ware se gedeckt, an eng grouss Parti hat och Mauere ronderëm.

D'Plaz fir ze Wäsche bestoung aus e puer Basengen oder Fassellen, déi an enger Rei stoungen. D'Basenge fir ze wäschen waren déi, déi am noste beim Auslaf waren, an déi fir d'Wäsch ze schwenke waren déi, déi beim Alaf vum Waasser waren. D'Basenge waren net déif, knapps en hallwe Meter, an um baussenzege Bord dervunner, war eng hëlzen oder bëtongs Plattform op där d'Wäsch geschruppt a geklappt gouf.

Wäschbur zu Grand-Failly

Um Spaweck [änneren]

Commons: Wäschburen – Biller, Videoen oder Audiodateien