Wéngert

Vu Wikipedia
Wéngerten zu Lëtzebuerg (Wuermer Këppchen).

Wéngerte si landwirtschaftlech Flächen déi ugeluecht gi fir Wäibau ze bedreiwen. Den Numm kënnt vu "Wäin-Gaart". Ëmgangssproochlech gëtt och dacks e ganzt Wäibaugebitt als Wéngert bezeechent.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wann een dovun ausgeet datt déi éischt Wéngerten ugeluecht goufe wéi mam Wäibau am grousse Ganzen ugefaange gouf, dat heescht wéi déi éischt zam Riewe gezillt goufen, da kann ee soen datt déi éischt Wéngerten ongeféier viru 7.000 Joer geplanzt goufen[1]. Deen Alter geet ervir aus Ënnersich déi Archeologen op Drauwekäre gemaach hunn, déi als kultivéiert ugesi ginn, an déi am Kaukasus fonnt goufen. Sou ass unzehuelen datt déi éischt Wéngerten iergendwou tëscht der aktueller Tierkei, Georgien an Armenien louchen.

Aus Amerika ass aus der Zäit virun der Entdeckung, der sougenannter virkolumbescher Zäit, näischt iwwer kultivéiert Drauwen oder Wéngerte bekannt, obschonn et do och Drauwe gouf, souwéi ganz héich entwéckelt Zivilisatiounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wéngerten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Larousse du Vin (2004) S.22