Wëllerbaach

Vu Wikipedia

D'Wëllerbaach ass eng Baach an der Gemeng Miersch.

Si huet hir Quell am Fënsterdall, op enger Héicht vu ronn 290 m, a leeft vu West no Ost laanscht den Héngerhaff (oder Hingerhaff), dann ënner der A7 an der N7 erduerch, fir zu Pëtten op enger Héicht vun 214 m vu lénks an d'Uelzecht ze mënden.

D'Baach huet eng Längt vu ronn 6,2 Kilometer.