Wëlzerbaach

Vu Wikipedia
D'Wëlzerbaach vum Bëschwee an der Schinneschleed gesinn.

D'Wëlzerbaach ass eng kleng Lëtzebuerger Baach am Éislek an der Gemeng Buerschent.

Si huet hir Quell op enger Héicht vun 385 Meter, an enger Griecht déi hiren Ufank am Bësch Alheck nordwestlech vu Buerschent huet. Se leeft déi ganzen Zäit no Norden, fir op der Giewelsmillen, op enger Héicht vun 335 Meter an d'Sauer ze lafen. Si ass 620 Meter laang.