Waark

Vu Wikipedia
Waark (Wark)
Mëndung vun der Waark an d'Uelzecht
An anere Sproochen fr: Wark
de: Wark
Längt 27,7 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Zesummefloss vun zwou Baachen
Plaz südëstlech vu Gréiwels
Héicht 450 m
Koordinaten 49° 50’ 55’’ N
      5° 55’ 27’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Uelzecht
Plaz Ettelbréck
Héicht 192 m
Koordinaten 49° 50’ 45.3’’ N
      06° 06’ 24.2’’ O
Haaptnieweflëss Turelbaach, Mechelbaach, Feel
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Groussbus, Mäerzeg,
Uewerfeelen, Nidderfeelen,
Welschent, Waarken, Ettelbréck

D'Waark ass eng Baach, am Nordweste vu Lëtzebuerg, op der Grenz tëscht dem Éislek an dem Guttland. D'Waark entsteet aus dem Zesummefloss vun zwou klenge Baache am Ellegrëndchen, südëstlech vu Gréiwels, op enger Héicht vu ronn 450 Meter, a si fléisst zu Ettelbréck an d'Uelzecht.

Op der topographescher Kaart vum Kadaster ass d'Baach mat Wark gezeechent.

Uertschaften op der Waark, vun uewen no ënnen:

D'Waark zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn[1].

Den Dall vun der Waark eegent sech gutt fir Fousstouren. En ass opgesicht vu Fotografen a Moler. Eng Fëscherei an der Waark ass vu villen Amateure begiert. Fréier sinn och Kriibsen an der Waark gefaange ginn.

Niewebaache vun der Waark[änneren | Quelltext änneren]

Numm Quell Héicht m Längt +/- m Mëndung Héicht m Km-Punkt +/- Säit
Fielserbaach Rëffelbësch (Gréiwels) 463 2.000 Neiwiss 386 1,76 Lénks
Bruchbaach Haardebruch (Mäerzeg) 380 3.070 Mäerzeg 318 6,97 Lénks
Turelbaach Hunnebruch (Hierheck) 475 8.250 Mäerzeg 315 7,85 Lénks
Mechelbaach Breimebierg (Mëtscheed) 452 6.250 Uewerfeelen 290 11,00 Lénks
Feel Feilach (Heischent) 480 6.175 Nidderfeelen 285 12,56 Lénks
Féischterbaach Déngels (Scheedel) 475 1.880 Buergknapp 266 16,89 Lénks
Maisbich Heischterdellt (Scheedel) 450 1.610 Faule Pull 261 17,34 Lénks
Baach Uesper (Kiemen) 490 2.870 Welschent 255 19,63 Lénks

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Waark – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie