Waarmloftballon

Vu Wikipedia
E Waarmloftballon an der Luucht
E Waarmloftballon an der Form vun der Abtei vu St Gallen
E Ballon mat enger Reklamm drop.

E Waarmloftballon ass e Gefier fir an der Loft ze zirkuléieren. E besteet aus enger Enveloppe (haut meeschtens aus Nylon), déi mat gewiermter Loft gefëllt ass. Drënner hänkt e Kuerf (oder "Gondel"), fir Leit, Material a Balast ze transportéieren, an och eng Quell Brennes, fir d'Loft z'erhëtzen. De Prinzip baséiert dorp, datt waarm Loft am Ballon par Rapport zu der kaler ronderëm eng manner grouss Densitéit huet, an demno Opdriff kritt.

Et ass dat eelst Loftgefier, mat deem de Mënsch an d'Luucht goe konnt. Den 21. November 1783 ass eng éischt Kéier e Ballon, deen net un enger Léngt houng, mat 2 Leit dran, dem Jean-François Pilâtre de Rozier an dem François Laurent d'Arlandes fléie gelooss ginn. Erfonnt a gebaut haten en d'Bridder Joseph-Michel a Jacques-Etienne Montgolfier. E Waarmloftballon heescht nach haut op Franséisch Montgolfière.

Scho Joerhonnerte virdrun haten d'Chinese kleng Lampione mat waarmer Loft fléie gedoen, an an Europa hat schonn de Bartolomeu de Gusmão den 8. August 1709 en onbemannte Ballon mat waarmer Loft fléie gedoen.

Ier se Leit fräi fléie gelooss hunn, haten d'Bridder Mongolfier fir d'éischt mat Déieren, an da mat engem Ballon un enger Léngt drun, experimentéiert.

1794 bei der Schluecht vu Fleurus, gouf e Waarmloftballon eng éischt Kéier miitäresch agesat, fir vun do aus e besseren Iwwerbléck iwwer d'Schluechtfeld ze hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Waarmloftballonen – Biller, Videoen oder Audiodateien