Waasserfläch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Waasserfläch bezeechent een all Zorte vu Waasserusammlungen, déi eng gréisser relativ onbeweegte Waasseruewerfläch hunn. Dozou zielen ënner aneren Séien, Mierer oder Flëss. Si sinn duerch héich Verdonstungsraten an e luest Opwiermungs- an Ofkillungsverhale gezeechent, wat zum Ausgläich vun atmosphäreschen Temperaturschwankunge féiert an e maritiimt Klima bestëmmt, wann d'Waasserfläch grouss genuch ass.