Waasserspäizer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Blue star boxed.svg De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.
Waasserspäizerten op der Kathedral Saint-Étienne vu Metz.

E Waasserspäizer , op Englesch: gargoyle an op Franséisch: gargouille, ass en architektoneschen Dispositif, fir d'Reewaasser vun Diech ofzeleeden, ouni d' Fassaden ze besabbelen an domat d'Maueren dréchen ze loossen.

Besonnesch d'Waasserspäizerten un de gotesche Kierchen a Kathedrale si bekannt: si sinn meeschtens a Form vu Fabelwiesen, Draachen oder Demonen. Beispiller sinn d'Kathedralen Notre-Dame vun Amiens oder Notre-Dame vu Paräis.

Commons: Gargoyles – Biller, Videoen oder Audiodateien