Wab

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Beiewaben

Eng Wab ass eng Zell vun engem Muster, dat aus sechseckegen Huelraim zesummegesat ass.

Am enke Sënn ass domatter en Deel vum Nascht vun de Beie gemengt, deen aus Wues besteet an an deem d'Eeër an d'Larve gezillt ginn an den Hunneg versuergt gëtt.

Och aner Insekte baue Waben, z.B. Bommelen oder d'Harespelen, déi awer net esou gläichméisseg gebaut si wéi déi vun de Beien. Den Harepselen hir Wabe sinn aus zermautschtem Holz, wat hinnen eng Konsistenz gëtt, déi dem Pabeier gläicht.

honeycomb-
Panel (Fliger-Konstruktioun)

D'Wabe sinn eng quasi optimal Form, wat de Rapport tëscht dem Material fir d'Wänn an dem Volume ugeet, a ginn dofir och an der Technik agesat, z.B. fir Konstruktionen ze stabiléisieren.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen