Wachsmut vu Kënzeg

Vu Wikipedia
De Wachsmut vu Kënzeg (fol. 160v vum Codex Manesse)

De Wachsmut vu Kënzeg (Wahmvot, Her Wahsmuot von Kunzich) war e Minnesänger, vun deem ugeholl gëtt, datt en an der éischter Hallschent vum 13. Joerhonnert gelieft huet.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Et si keng prezis Daten iwwer dem Wachsmut säi Liewe bekannt. Et gëtt ugeholl, datt e vu Kënzeg hierkënnt. Do gouf et an där Zäit eng Famill vu Ministerialen, ouni datt nogewise ka ginn, datt en direkt mat deene Famill war. Allerdéngs gläicht de Wope vun där Ministerialefamill deem am Codex Manesse, dee beim Minnesänger ofgebilt ass.

Seng Zouuerdnung an d'éischt Hallschent vum 13. Joerhonnert léisst sech doru festmaachen, datt aus senge Wierker ervigeet, datt en d'Lidder vum Walther von der Vogelweide, Heinrich von Morungen a vum Reinmar kannt gehat muss hunn. Op der anerer Säit gëtt d'Wierk vum Wachsmut vu Kënzeg an de Lidder vum Walther von Klingen a beim Marner ernimmt: De Walther vu Klingen huet tëscht 1240 bis 1286 gewierkt, a beim Marner (Strauch XIV, 18) a beim Reinmars von Brennenberg (KLD 44, IV, 13) gëtt ëm den Doud vun engem Sänger, dee Wachsmut housch, getrauert, soudatt een unhuele kann - wann dat dann de selwechte Wachsmut ass - dësen ëm 1260 gestuerwen ass. Och am Gerdrut senger Polemik gegen die Fernliebe (KLD 13, Ia) geet vun engem Wachsmut rieds.

Iwwerliwwerung[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Numm Wachsmut vu Kënzeg (von Künzingen) sinn iwwerliwwert: d'Kleine Heidelberger Liederhandschrift an Die Weingartner Liederhandschrift B, mat jee 9 Strophen. De Codex Manesse tradéiert weiderhin 19 Strophen.

Thematesch ginn dem Wachsmut vu Kënzeg seng Lidder der Traditioun vum reflektéierende Minnesang zougeuerdnet: e männleche Spriecher an Ech-Form reflektéiert seng Relatioun zu der Damm déi en usprécht; en appeléiert un hir Guttheet a klot iwwer d'Distanz zu hir. Gläichzäiteg verséchert en hir, hir weider zu Déngschten ze stoen. Et gëtt weiderhi formelhaft Bezich zu Joreszäiten (Fréijoer, Hierscht) an de Lidder.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schroeder, Michael: Wachsmuot von Künzich (Kunzech): ein Luxemburger Minnesänger - In: Annuaire: vol. II des actes du XXIe congrès international des sciences généalogique et héraldique de Luxembourg (1994) / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik. - 1995, p. 59-72, ill.
  • Die Große Heidelberger Liederhandschrift, Codex Manesse. Pfaff, Fridrich (Hrsg.), Saloxsky, Hellmut (Bearb.). Heidelberg 1984, 2. Auflage. Seiten 836-840.
  • Die deutsche Literatur des Mittelalters, Verfasserlexikon. Ruh, Kurt; Keil, Gundolf; Schröder, Werner; Wachinger, Burghart; Worstbroch, Franz Josef (Hrsg.). Berlin 1989.
  • Von Kraus, Carl (Hrsg.): Deutsche Liederdichter des 13. Jahrhunderts. Band 2. Tübingen: Max Niemeyer, 1978.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]