Wacht am Rhein

Vu Wikipedia

Wacht am Rhein war en Täuschungsmanöver am Zweete Weltkrich inszenéiert vum däitsche Generol von Rundstedt fir déi grouss Operatioun Herbsnebel sou laang wéi méiglech virun den Alliéierte geheim ze halen.

De von Rundstedt hat seng Léier aus den Alliéierten hirer Operation Fortitude am Virfeld vun Operation Overlord gezunn, an huet du probéiert dat selwecht ze maachen, andeems e Positiounen am Oste vun Oochen ausbauen a verstäerke gelooss huet, an Truppen do konzentréiert huet, fir déi Alliéiert gleewen ze doen e géif seng Verdeedegungspositioune virum Rhäin besser ofsécheren. En huet en intensive Funkverkéier oprechterhalen an d'Flakstellungen ausgebaut. Alliéiert Opklärungsfligere goufen nëmmen ongenee beschoss, fir datt se konnten heemfléien an e Rapport iwwer hir Observatioune maachen.

Déi Alliéiert sinn drop eragefall, an hunn net dru geduecht fir hir Positiounen an den Ardennen ze verstäerken. Op der bal 140 km laanger Front stoungen nëmmen dräi Infantriesdivisiounen de 14. Kavalleriesgrupp an déi 9. Panzerdivisioun. De brillante Kommandant vun der Operation Cobra, de Generol Middleton, hat de Bradley dorop opmierksam gemaach, awer deen huet em geäntwert: "Maacht Iech keng Suergen, dat ass déi lescht Plaz op där den Hitler géif ugräifen".

Sou war et méiglech datt grouss Truppeverbänn déi an Éisträich an an Ostpreisen ofgezu goufen op d'Ardennegrenz koumen ouni bemierkt ze ginn. Zich déi nëmmen nuets gefuer sinn, an am Dag an Tunnelle verstoppt goufen, hu sou divisiounsweis Truppeverstäerkungen an eng 150.000 Tonne Material op d'Westfront bruecht. Ongeféier 10.000 Wagone si sou um Schinnennetz gelaf, vun deenen der nëmmen 19, déi Liewensmëttel a Munitioun transportéiert hunn, a 4 Zetärswagone vun der alliéierter Aviatioun zerstéiert goufen.

Däitsch Zaldoten déi gutt Englesch geschwat hunn, a capabel waren op Jeepen an US-amerikanesche Sherman-Tanksen ze fueren, goufen an US-amerikanesch Uniforme gestach. Si sollte fir den néidegen Durcherneen an den alliéierte Reie suergen. De Kommando vun där 150. Panzersonderbrigade, a vun der Operatioun déi Operatioun Greif genannt gouf, krut den Obersturmbannführer Otto Skorzeny, dee sech schonn den 12. September 1943 bei der Befreiung vum Mussolini illustréiert hat.

De Luftwaffenoffizéier von der Heydte krut d'Missioun fir mat ronn 1.300 Falschiermsprénger a Mannequinen déi sou ugedo waren, am belschen Territoire an an der Géigend vu Paräis en Duercherneen wäit hanner den alliéierte Linnen ze maachen. Déi Aktioun ass als d'Operation Stösser bekannt.

Zu gudder Lescht fir den Alliéierten net ze vill Zäit ze loossen, fir sech z'organiséieren, gouf den Artilleriesbeschoss, fir deen dräi Stonne virgesi waren, op 45 Minutte gekierzt.