Wagonette-tonneau

Vu Wikipedia
Eng Wagonette-tonneau

D'Wagonette-tonneau ass eng véierriedreg Päerdskutsch déi op enger Wagonette baséiert, mä där hir Këscht an Tonneausform gebaut ass. Et ass eng liicht Kutsch déi als Eespänner oder an der Koppel kann agespaant ginn. Änhnlech wéi den Tonneau war dës Kutsch geduecht fir mat Kanner spadséieren ze fueren, a war och deementspriechent op deenen hir Sécherheet ausgeluecht. D'Këscht huet héich Säitewänn, datt Kanner net liicht kënnen erausfalen. Se huet eng hënnescht Dier op där nëmme baussen eng Klensch ass, déi sou déif ugemaach ass datt Kanner vu bannen net drukommen.


Kutschemodeller

CabrioletChar-à-BancsConcord CoachCoupé RockawayMalle-posteOmnibusPark dragRoof Seat BreakSkeleton-Tandem-CartSulkyWagonette-tonneau
Kuckt och: SchwunnenhalsgestellÀ la d'AumontFiaker