Waldbëlleger Affär

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Mat Waldbëlleger Affär gëtt eng Serie vu 5 Muerde bezeechent, deenen hir Auteuren, wéi och hir Affer, Member vun enger Gangsterband waren (déi och alt Waldbëlleger Band genannt gouf).

Dës Band huet, a verschiddenen Zesummesetzungen, tëscht Januar 1983 an Oktober 1985 22 brutal Iwwerfäll op Bijouterien, Geldtransporter a Banken zu Lëtzebuerg gemaach. Hiren Numm huet se dofir, well de Kapp vun der Band an Auteur vun deene meeschte Morden, Carlo Fett, zu Waldbëlleg gewunnt huet, wou och déi Komplizen vun der Band, déi als net sécher gegollt hunn, doutgemaach an hir Läiche verbrannt goufen.

Op de Kont vun där Band gi weiderhin een Doudesaffer bei der Police (et gouf den 30. Oktober 1985 beim Asaz bei engem Iwwerfall op de Sëtz vun der BIL an der Stad Lëtzebuerg erschoss), 13 blesséiert Zivilpesounen an och eng sëllechen Déifställ vun Autoen a Waffen.

D'Muerde sinn eréischt bekannt ginn, nodeems d'Haaptleit vun der Band nom Iwwerfall, wou ee Polizist erschoss gouf, no enger Verfolgungsjuegd festgeholl gi waren, an hinnen de Prozess gemaach gouf.

[änneren] Literatur

  • Jim Welsch: Organisiertes Gewaltverbrechen in Luxemburg: Die 'Waldbilliger Bande' (1983-1985). In: Mord und Todschlag. Begleitband zur gleichnamigen Ausstellung des Historischen Museums der Stadt Luxemburg; Luxemburg, 10. Juli 2009 - 28. Mäerz 2010. (=Publications scientifiques du Musée d'istoire de la Ville de Luxembourg, XIV), Luxembourg 2009, ISBN 978-2-919878-85-7, S. 213-229;
  • Pierre Kohnen: 'Waldbilliger Bande' - Die Polizei unter Beschuss. In: och do, S. 230-235.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht