Wale fir d'Europäescht Parlament 1979 (Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 1979 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 1979-1984 vertrueden hunn.
Fir d'éischte Kéier waren dës Direktwalen.
Si goufen den 10. Juni 1979 ofgehalen, als Deel vun den allgemenge Wale fir d'Europäescht Parlament 1979, an zäitgläich mat de Wale fir d'Chamber.
Resultat [änneren]
| Partei | % | Ënnerscheed | Sëtzer | Ënnerscheed | |
|---|---|---|---|---|---|
| CSV (Chrëschtlich Sozial Vollekspartei) |
36,12 | 3 | |||
| DP (Demokratesch Partei) |
28,12 | 2 | - | ||
| LSAP (Lëtzebuergesch Sozialistesch Aarbechterpartei) |
21,64 | 1 | |||
| SDP Sozialdemokratesch Partei |
7,00 | 0 | |||
| KPL (Kommunistesch Partei Lëtzebuerg) |
5,00 | 0 | |||
| LCR (Ligue communiste révolutionnaire) |
0,52 | 0 | |||
| Aner (AL,LP) | 1,59 | 0 | |||
| Total | 100 | - | 6 | - | |
| Source: CEVIPOL, UBL | |||||
Deputéiert [änneren]
- Victor Abens (ESP)
- Nicolas Estgen (EVP)
- Marc Fischbach (EVP)
- Colette Flesch (ALDE) (bis den 22. November 1980)
- Jean Hamilius (ALDE)
- Marcelle Lentz-Cornette (EVP) (vum 5. Mäerz 1980 un)
- René Mart (ALDE) (vum 26. November 1980 un)
- Jean Spautz (EVP) (bis 1980)
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Europadeputéierten (1979 bis haut).
|
|
|
|