Wale fir d'Europäescht Parlament 1999 (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 1999 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 1999-2004 vertrueden hunn.

Si goufen den 13. Juni 1999 ofgehalen, als Deel vun den allgemenge Wale fir d'Europäescht Parlament 1999, an zäitgläich mat de Wale fir d'Chamber.

Par Rapport zu de Wale vun 1994 ass d'Sëtzverdeelung onverännert bliwwen.

Resultat[änneren | Quelltext änneren]

Partei % Ënnerscheed Sëtzer Ënnerscheed
CSV
(Chrëschtlich Sozial Vollekspartei)
31,65 2 -
LSAP
(Lëtzebuergesch Sozialistesch Aarbechterpartei)
23,58 2 -
DP
(Demokratesch Partei)
20,45 1 -
Déi Gréng 10,73 1 -
ADR
(Aktiounskomitee fir Demokratie an Rentengerechtigkeet)
8,98 0 -
GaL
(Greng a liberal Allianz)
1,83 0 N/A
Déi Lénk 2,78 0 -
Total 100 - 6 -
Source: Service Information et Presse
Ageschriwwe Wieler: 228.712. Hu gewielt: 199.579 (87,27%). Gëlteg Stëmmen: 1.015.441.

Nom lëtzebuergesche Walgesetz däerf all Wieler maximal sou vill Stëmme verginn, wéi Sëtzer ze verdeele sinn, deemno 6. Dës kënnen all un eng Partei goen (duerch d'Schwäerze vum Rondel iwwer der Lëscht), oder u verschidde Kandidate verdeelt ginn (maximal 2 Stëmme pro Kandidat), déi op derselwechter oder verschiddene Lëschte stinn,.

D'Wale fir d'Europaparlament sinn obligatoresch fir Wieler tëscht 18 a 75 Joer, an et däerfen och Bierger vun aneren EU-Staaten drun deelhuelen, déi zu Lëtzebuerg wunnen a sech op d'Wielerlëschten agedroen hunn.

Deputéiert[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Wale fir d'Europäescht Parlament (Lëtzebuerg)
1979 | 1984 | 1989 | 1994 | 1999 | 2004 | 2009 | 2014