Wale fir d'Europäescht Parlament 2009 (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2009 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 2009-2013 vertrieden.

Si goufen de 7. Juni 2009 ofgehalen, als Deel vun den allgemenge Wale fir d'Europäescht Parlament 2009, an zäitgläich mat de Wale fir d'Chamber. Am Ganzen hunn 48 Kandidate kandidéiert.

Resultat[änneren | Quelltext änneren]

Par Rapport zu de Wale vun 2004 huet sech näischt un der Verdeelung vun de Sëtzer verännert:

Partei % Ënnerscheed Sëtzer Ënnerscheed
CSV
(Chrëschtlich Sozial Vollekspartei)
31,32 -5,8 3 -
LSAP
(Lëtzebuergesch Sozialistesch Aarbechterpartei)
19,49 -2,5 1 -
DP
(Demokratesch Partei)
18,65 +3,7 1 -
Déi Gréng 16,82 +1,8 1 -
ADR
(Alternativ Demokratesch Reformpartei)
7,38 -0,7 0 -
Déi Lénk 3,41 +1,7 0 -
KPL
(Kommunistesch Partei Lëtzebuerg)
1,54 +0,3 0 -
BL
(Biergerlëscht)
1,38 NA 0 NA
Total 100 - 6 -
Source: Offizielle Site vun der Regierung

Ageschriwwe Wieler 240 676; Zuel vun de Walziedelen 218 423; Gëlteg Walziedelen 198 364; Wäiss Walziedelen 20 059.

Nom lëtzebuergesche Walgesetz däerf all Wieler maximal sou vill Stëmme verginn, wéi Sëtzer ze verdeele sinn, deemno 6. Dës kënnen all un eng Partei goen (duerch d'Schwäerze vum Rondel iwwer der Lëscht), oder u verschidde Kandidate verdeelt ginn (maximal 2 Stëmme pro Kandidat), déi op derselwechter oder verschiddene Lëschte stinn.

Gewielt goufen[änneren | Quelltext änneren]

Neies par Rapport zu de Jore virdrun[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1979 an 2004 konnte bis zu 12 Kandidate pro Partei op enger Lëscht stoen. Dëst gouf fir 2009 an duerno op 6 Nimm pro Partei reduzéiert. Domat sollten d'Parteien encouragéiert ginn, Kandidaten opzesetzen, déi och bereet wieren, hiert Mandat unzehuelen.

D'CSV, d'LSAP, d'DP an déi Gréng hunn 2009 eng éischt Kéier getrennte Kandidatelëschten opgestallt, d. h. datt e Kandidat net gläichzäiteg fir d'Chamber an d'Europäescht Parlament kandidéiere sollt. De Grond ass, datt an der Vergaangenheet dacks déi éischtgewielte Kandidaten op der EP-Lëscht och an d'Chamber gewielt gi waren (oder Minister goufen), an dëst Mandat dann deem vum EP virgezunn hunn. D'ADR, d'KPL an déi Lénk hu weiderhin Duebelkandidaturen op hire Lëschten.

D'Wale fir d'Europaparlament sinn obligatoresch fir Wieler tëscht 18 a 75 Joer, an et däerfen och Bierger vun aneren EU-Staaten drun deelhuelen, déi zu Lëtzebuerg wunnen a sech op d'Wielerlëschten agedroen hunn. D'Zäit, déi EU-Bierger zu Lëtzebuerg hu misse wunnen, ier se wiele kënnen, bedréit 2 Joer. Bei de virege Wale waren dat der fënnef. Och kann ee sech neierdéngs bis den 13. Freide virun de Walen op d'Wielerlëschten androen. Dat ass 11 Méint méi no beim Termin, wéi dat virdrun de Fall war.[1]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Tageblatt 18.12.2008 S.17: "Rentner erhalten mehr Geld. Wahlgesetz und Pensionen standen gestern Nachmittag auf der Tagesordnung des Parlaments."

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Wale fir d'Europäescht Parlament (Lëtzebuerg)
1979 | 1984 | 1989 | 1994 | 1999 | 2004 | 2009 | 2014

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]