Wale fir d'Europäescht Parlament 2014 (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2014 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 2014-2019 vertrieden.

Si goufen de 25. Mee 2014 ofgehalen, fir d'éischt Kéier ouni datt gläichzäiteg Chamberwale waren. Deselwechten Dag waren och a 5 Gemenge Referenden iwwer méiglech Gemengefusiounen.

Am Ganzen hu 54 Kandidaten op de Lëschte vun 9 Parteie kandidéiert.

Parteien[änneren | Quelltext änneren]

Walziedel mat de Kandidaten.

Déi heite Parteien hunn hir Lëschten agereecht; d'Nummere goufen de 27. Mäerz 2014 ausgeloust:[1]

Nom lëtzebuergesche Walgesetz däerf all Wieler maximal sou vill Stëmme ofginn, wéi Sëtzer ze verdeele sinn, deemno 6. Dës kënnen all un eng Partei goen (duerch d'Schwäerze vum Rondel iwwer der Lëscht), oder u verschidde Kandidate verdeelt ginn (maximal 2 Stëmme pro Kandidat), déi op derselwechter oder verschiddene Lëschte stinn.

D'Wale fir d'Europaparlament sinn obligatoresch fir Wieler tëscht 18 a 75 Joer, an et däerfen och Bierger vun aneren EU-Staaten drun deelhuelen, déi zu Lëtzebuerg wunnen a sech op d'Wielerlëschten agedroen hunn. EU-Bierger déi zu Lëtzebuerg wëlle wielen, mussen 2 Joer am Land wunnen.

Resultat[änneren | Quelltext änneren]

D'Walbedeelegung louch bei 85,5 %.

D'CSV huet däitlech gewonnen a gouf mat Ofstand déi stäerkst Partei. D'Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng hunn do dergéint zum Deel zolidd verluer par rapport zu 2009. Déi Gréng goufe fir d'éischte Kéier, hanner der CSV, déi zweetstäerkst Partei. D'LSAP huet mat 11,7 % hirt historescht niddregst Resultat erreecht. D'ADR an déi Lénk hu Stëmme bäikritt, d'KPL huet liicht u Stëmme verluer. D'Piratepartei an d'PiD waren eng éischt Kéier bei den Europawalen dobei, woubäi d'Piraten am éischt Siess 4,23 % kruten. Trotz de respektive Gewënner, respektiv Verloschter, huet sech am Verglach zu 2009 näischt un der Sëtzverdeelung g'ännert.

Am Eenzelen hunn d'Parteien déi heite Resultater kritt:[2]

Europawal zu Lëtzebuerg 2014
Partei Europapartei Fraktioun am EP Prozent vun de Stëmmen Verännerung Sëtzer Verännerung
Chrëschtlech Sozial Vollekspartei (CSV) EVP EVP-Fraktioun]] 37,65% +6,29% 3 ±0
Déi Gréng EGP Gréng/EFA-Fraktioun 15,01% -1,82% 1 ±0
Demokratesch Partei (DP) ALDE ALDE-Fraktioun 14,77% -3,89% 1 ±0
Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP) SPE S&D-Fraktioun 11,75% -7,73% 1 ±0
Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) AECR 7,53% +0,14% 0
Déi Lénk EL 5,76% +2,39% 0
Piratepartei Lëtzebuerg PPEU 4,23% +4,23% 0
Partei fir Integral Demokratie (PiD) 1,82% +1,82% 0
Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) 1,49% -0,05% 0
Total 100,0 6

D'Sëtzer ginn an enger éischter Auszielung un d'Parteie verdeelt. Eréischt da gëtt gekuckt, wat fir (e) Kandidat(en) bannent de Parteien, déi een oder méi Sëtzer kruten, déi meeschte Stëmme krut(en).

Gewielt goufen[änneren | Quelltext änneren]

Portraiten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wale fir d'Europäescht Parlament (Lëtzebuerg)
1979 | 1984 | 1989 | 1994 | 1999 | 2004 | 2009 | 2014

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]