Walfer Bicherdeeg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Walfer Bicherdeeg sinn e wichtege Rendez-vous vu Buchediteuren, Auteuren a Lieser aus Lëtzebuerg an der Groussregioun.
Si sinn zënter 1995 all Joer am November am Centre sportif Prince-Henri zu Walfer an den zwou Sportshalen an an enger "Zeltstad" virum Haaptagank ofgehalen. Organisateur ass d'Gemeng Walfer.
D'Walfer Bicherdeeg riichten sech un de breede Public a bidden nieft neie Bicher och e groussen Okkasiouns- an Antiquariatsmaart.
Den nationalen Dictéesconcours vum LTAM an Zesummenaarbecht mat RTL Radio Lëtzebuerg gëtt zënter dem Joer 2005 am Kader vun de Walfer Bicherdeeg ofgehalen. 2011 gëtt déi 16. national Dictée organiséiert.
Zënter 2006 verginn d'Lëtzebuerger Bicherediteuren am Kader vun de Bicherdeeg hire Lëtzebuerger Buchpräis.
Editiounen [änneren]
| Editioun | Datum | Motto |
|---|---|---|
| 17 - 2011 | 19.-20. Nov. | Kino a Film |
| 16 - 2010 | 20.-21. Nov. | Musek |
| 15 - 2009 | 21.-22. Nov. | Natur an Ëmwelt |
| 14 - 2008 | 15.-16. Nov. | Sport a Fräizäit |
| 13 - 2007 | 17.-18. Nov. | Iwwer Grenzen |
| 12 - 2006 | 18.-19. Nov. | Krimi & Co. |
| 11 - 2005 | 19.-20. Nov. | Literatur a Gastronomie |