Wallenborn
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land: | |||||
| Bundesland : | |||||
| Landkrees : | Vulkanäifel | ||||
| Gemeng : | Daun | ||||
| Fläch : | 832 ha | ||||
| Awunner : | 422 (31. Dez. 2011) | ||||
| Koordinaten : | 50° 09' 22" N 06° 43' 20" O |
||||
Wallenborn ass eng kleng Uertschaft an der Vulkanäifel am Landkrees Daun a Rheinland-Pfalz. Si läit ongeféier eng 12 Kilometer vun Daun ewech.
Inhaltsverzeechnes |
Kuckeswäertes [änneren]
Zu Wallenborn gëtt et deen eenzegen "natierlechen" Kalwaassergeysir aus Däitschland. Hien gëtt "Wallender Born", "Wallenborn"[1] oder, am Volleksmond, "Brubbel"[2] genannt. Ongeféier all 35 Minutte fänkt d'Quell un ze spruddelen a verbreet dann an der Géigend e Geroch vu faulen Eeër.
Als Familljennumm zu Lëtzebuerg [änneren]
Vun der Uertschaft Wallenborn kënnt de Familljennumm "Wallenborn", deen et 1880 10 Mol zu Lëtzebuerg gouf.[3] 1930 hunn 20 Leit esou zu Lëtzebuerg geheescht; déi meescht hunn zu Groussbus (7) a Biergem (6) gewunnt, anerer um Lampertsbierg (3), zu Konsdref (1), Dikrech (1), Heeschpelt (1) a Walfer (1).[4] 1984 ass den Numm 38 Mol am Land notéiert ginn.[3]
Referenzen [änneren]
- ↑ W. Spielmann, 2003. Geologische Streifzüge durch die Eifel. Rhein-Mosel-Verlag, Alf/Mosel, S. 38.
- ↑ Die oder der Brubbel, jee no den Auteuren: cf. Rudolf Mehler, 1988: Die "Brubbel" [1]; Wallenborn, das schöne Dorf am Brubbel. [2] — Op dem Informatiounspanneau op der Plaz gëtt "der Brubbel" gesot.
- ↑ 3,0 3,1 Statec, 1984. Die Luxemburger und ihre Familiennamen. Luxemburg, RTL Edition, S. 194.
- ↑ Institut Grand-Ducal, Section de Linguistique, de Folklore et de Toponymie, 1989. Geographie der Luxemburger Familiennamen (nach der Volkszählung von 1930). Luxembourg, S. 393.
