Walnut Lane Bridge

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Walnut Lane Bridge

D'Walnut Lane Bridge ass eng Stroossebréck zu Philadelphia am Philadelphia County, a Pennsylvanien, an Amerika.

Se gouf tëscht 1906 an 1908 gebaut. Et ass eng Boubréck déi aus Béton-armé gebaut ass, an et ass eng Copie vun der Neier Bréck an der Stad Lëtzebuerg, déi hiresäits am Stee gebaut ass. De Chef-Ingenieur vum Bau war den George S. Webster, assitéiert vum Ingenieur Henry E. Quimby. D'Bréck gouf vun der Konstruktiounsfirma Reilly & Riddle gebaut.

De Coffrage vum Bou vun der Walnut-Lane-Bréck 1907

Se huet eng Totallängt vun 146,30 Meter, an ass 18,28 Meter breet. D'Héicht iwwer dem Waasser ass 44,81 Meter, an de Bou huet eng Spaanwäit vun 71,02 Meter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]