Walter Baade

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gedenktafel zu Schröttinghausen

De Prof. Dr. Walter Baade gebuer de 24. Mäerz 1893 zu Schröttinghausen (haut Preisesch Oldendorf a Westfalen), a gestuerwen de 25. Juni 1960 zu Göttingen, war ee vun de bedeitendsten Astronomen an Astrophysiker vum 20. Joerhonnert.

De Baade, Jong vun engem Schoulmeeschter, ass zu Herford an d'Schoul gaangen an huet zu Münster a Göttingen Mathematik, Physik, Geophysik an Astronomie studéiert. Eng ugebueren Hëftbehënnerung huet hie virum Militärdéngscht am Éischte Weltkrich ewech gehalen. Am Joer 1919 promovéiert hien zu Göttingen. E krut eng Ustellung um Hamburger Observatoire, wou hien ë. a. 1920 den Asteroid Hidalgo entdeckt.

Bei engem Openthalt an Amerika am Joer 1925, bei enger Observatioun vun enger Sonnendäischtert, léiert hien den Harlow Shapley kennen, deen him zu engem Stipendium verhollef huet. An de Joren 1926 an 1927 schafft de Baade um Observatoire vun Harvard, Yerkes, Lick an um Mount Wilson an ënnersicht d'Stärekéip a Spiralgalaxien.

Nodeem en erëm zu Hamburg war, krut hien 1929 d'Habilitatioun als Professer. Am selwechte Joer bestit hien d'Johanna Bohlmann, déi als technesch Assistentin um Hamburger Observatoire geschafft huet.

Am Joer 1931 gouf de Baade op de Mount Wilson-Observatoire beruff, an huet spéider och um Palomar-Observatoire geschafft. Wéi de Rudolf Minkowski no der Muechtergräifung vum Hitler Beruffsverbuet krut, huet de Walter Baade hien no Kalifornien geholl. Domat huet de Baade héchstwahrscheinlech sengem Frënd d'Liewe gerett. Während dem Zweete Weltkrich goufe bal all d'Astronome vum Mount Wilson zu Waffenentwécklungssystemer ofgezunn. De Baade, deen nach ëmmer däitsche Staatsbierger war, (hien hat ugebuede kritt weider Däitsch ze bleiwen, fir datt d'Institut international soll bleiwen) huet net dozou gehéiert, sou datt hie bal onbegrenzt Observatiounszäiten hat. Well owes d'Luuchten hu missen ausbleiwen hat hie gutt Observatiounsconditiounen. Duerch déi fotografesch Ënnersich an anere Galaxië, vun engem Typ vu verännerleche Stären, den Cepheiden, konnt hien d'Distanze bestëmmen. Am Joer 1944 ass et dem Baade, mat Hëllef vun engem 2,5 m-Spigel fir d'éischt gelongen, d'Kärregioun vum Andromedaniwwel, an eenzel Stären opzeléisen.

1952 stellt de Baade fest, datt d'Distanzen zu de Galaxien op d'mannst duebel sou grouss sinn, wéi bis zu deem Zäitpunkt ugeholl gouf. Domat huet sech de Moossstaf an den Alter vum Universum verduebelt. De Baade huet och d'Strukture vun eiser Mëllechstrooss ënnersicht an entdeckt, datt eis Galaxis aus Stäre vun zwou ënnerschidleche Populatioune besteet. Duerch d'Observatioun vun den RR Lyrae-Stären huet hien den Ofstand vun eisem Sonnesystem zum Zentrum vun der Galaxis bestëmmt. Des Weideren huet hie sech mat der Identifikatioun vu verschiddene kosmesche Radioquellen mat opteschen Objete beschäftegt, an huet se mat dem 5-Meter-Hale-Teleskop um Mount Palomar fotograféiert.

De Walter Baade fënnt 1951 d'Baadesch Fënster. Et handelt sech ëm eng bal absorptiounsfräi, zirka e 1/4 Quadratgrad (zirka Vollmoundgréisst) grouss galaktesch Fënster bei de galaktesche Koordinaaten l = 0,9° a b = -3,9°. De Stral fir ze kucken erreecht do den Zentrum vun der Galaxis, deen ongeféier 30.000 Liichtjoer wäit ewech ass, an dee baussenzeg vun der Baadescher Fënster, wéinst der Absorptioun duerch Stëbwolleken soss net ka gesi ginn. An der Baadescher Fënster läit och de Kugelkoup NGC 6522 op enger Distanz vun zirka 20.000 Liichtjoer. De Baade entdeckt Ufanks vun den 30er Joren den Zentralstär vum Krabbniwwel, e Supernovarescht aus dem Joer 1054. Spéider an de 60er Jore gouf erkannt, datt dee Stär e Pulsar an Neutronestär ass. De Stär gëtt haut dem Baade säi Stär genannt. Zesumme mat dem Schwäizer Fritz Zwicky huet hien d'Supernovaen als nei astronomesch Objeten identifizéiert.

D'Entwécklung vum komafräie Spigelteleskop geet op intensiv Gespréicher an Uregungen tëscht dem Baade an dem Bernhard Schmidt zréck, wéi si 1929 zu enger Sonnendäischterexpeditioun op d'Philippinnen gereest sinn. De Baade gëtt och als de „Grënner“ vum ESO ugesinn.[1]

Den Asteroid Nr. 1501 dréit säin Numm Baade. Hie selwer hat 10 Asteroiden entdeckt. Um Äerdmound gouf e Krater an en Dall nom Baade genannt.

Seng Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Walter Baade – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]