Walter Frederick Gale

Vu Wikipedia
Walter Frederick Gale
Gebuer 27. November 1865
Paddington
Gestuerwen 1. Juni 1945
Waverley
Nationalitéit Australien
Aktivitéit Astronom

De Walter Frederick Gale, gebuer de 27. November 1865 zu Paddington a gestuerwen den 1. Juni 1945 zu Waverly war en australesche Banquier an Astronom.

Dem Gale seng Carrière als Banquier hat am Joer 1888 bei der Savings Bank of New South Wales ugefaangen. 1897 gouf hie Comptabel a vun 1914 u Manager. No senger Pensionéierung am Joer 1925 war hie Manager vun Hoskins Investments Ltd bis 1938.

Dem Gale säin Interessi un der Astronomie gouf vu sengem Papp gefërdert, a gouf am Joer 1882 mat dem grousse Septemberkoméit gestäerkt. 1884 huet hie säin éischten Teleskop mat engem 18 Zentimeter grousse Spigel gebaut. Hie gouf als Fellow an d'Royal Astronomical Society zu London opgeholl an ass an de Chile an an d'USA gereest. No senger Heemrees an Australien huet hien am New South Wales déi lokal British Astronomical Association gegrënnt, an där hie laang Sekretär a President war.

De Gale huet siwe Koméiten entdeckt, dorënner de periodesche 34D/Gale. Nom Gale goufen och nach d'Koméiten 1894 II an 1912 II genannt. Weider huet hien e puer Duebelstären entdeckt. 1892 huet hien am Kader vu senge Marsobservatiounen, Oasen a Marskanäl beschriwwen.

De Gale ass bei enger Nuetsobservatioun un engem Häerzinfarkt am Alter vun 79 Joer gestuerwen.

Nom Gale gouf e Marskrater genannt, an zwar deen, an deem 2012 de Marsrover Curiosity gelant ass.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]