Walter Slezak

Vu Wikipedia
Walter Slezak
Gebuer 3. Mee 1902
Wien
Gestuerwen 21. Abrëll 1983
New York
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Discographesche Kënschtler
Famill
Papp Leo Slezak
Geschwëster Margarete Slezak
Kanner Erika Slezak

De Walter Slezak gebuer den 3. Mee 1902 zu Wien a gestuerwen den 21. Abrëll 1983 zu Flower Hill am Bundestaat New York war en éisträichesch- US-amerikanesche Schauspiller.

De Walter Slezak war der Jong vum Operentenor Leo Slezak. D'Schauspillerin Margarete Slezak war seng Schwëster. An hie war de Papp vun der Schauspillerin Erika Slezak.

An den 1920er Jore war de Walter Slezak am däitsche Film aktiv. 1930 ass hien an d'USA gaangen a war bis 1942 besonnesch am Theater an um Broadway aktiv. Am Joer 1936 ass hien amerikanesche Staatsbierger ginn. Vun 1942 u war hien och villen Hollywoodfilmer ze gesinn.

De Waletr Slezak huet an iwwer 90 Kinos an TV Filmer matgespillt. Bekannt Filmer an deenen hien ze gesi war sinn This Land Is Mine (1943) vum Jean Renoir mam Charles Laughton a Maureen O'Hara, Lifeboat (1944) vum Alfred Hitchcock mam Tallulah Bankhead a William Bendix an The Pirate (1948) vum Vincente Minnelli.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Stommfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Tounfilmer[änneren | Quelltext änneren]

vun 1942 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1972[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Walter Slezak: What time's the next swan?. Doubleday, Garden City (N.Y.) 1962
  • Walter Slezak: Wann geht der nächste Schwan?. Piper, München 1964.
  • Leo und Walter Slezak: Mein lieber Bub: Briefe eines besorgten Vaters. Piper, München 1966.
  • Walter Slezak: Mein Magen geht fremd: ein Geschichtenbuch mit Kochrezepten. Piper, München 1977

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Walter Slezak – Biller, Videoen oder Audiodateien