Walzwierk

Vu Wikipedia
Walzwierk ausgestallt am Industriepark am Fond-de-Gras

E Walzwierk ass eng industriell Installatioun déi aus Walze besteet, déi an engem bestëmmten Ostand vunenee montéiert sinn, déi duerch eng mechanesch Kraaft an eng entgéigegesat Rotatioun versat ginn, an doduerch e Material dat dertëscht gestach gëtt, tëscht sech erduerch zéien, an em doduerch eng bestëmmt Form, respektiv Déckt ginn, déi dem Ofstand vun de Walzflächen zoueneen, an hirer Form entsprécht.

Fir datt d'Walzen genuch Resistenz hunn, gi se aus gehäertem Stol oder speziellem Goss hiergestallt, oder se gi vu sougenannte Stëtzwalzen, déi driwwer oder drënner ubruecht sinn, renforcéiert.. Si si mat décke staarken Zapen un engem Gestell, dem sougenannte Walzgerëscht festgemaach an dréibar gelagert. Fir datt se sech net kënnen duerchbéien, hunn déi Walzen e groussen Durchmiesser. Fir eng gutt Qualitéit vum Endprodukt ze kréien, mussen d'Walzen zylindresch genee geschafft sinn, a parellel zentréiert Achsen hunn. D'Toleranze leien dobäi scho bei graffe Produkter bei engem Honnerstel. Wann déi Toleranz net méi garantéiert ass, muss d'Walz rectifiéiert ginn. Sou Rectificatiounen kënnen zimmlech dacks gemaach ginn, well bei der Konstruktioun vun der Walz eng Rectifikatiounsdéckt vun e puer Zentimeter virgesinn ass.

Fréier Walzwierker goufen duerch Waasserieder oder Dampmaschinnen ugedriwwen, a goufe mat Hëllef vu massive Schwongrieder an enger reegelméisseger Beweegung gehalen. Dobäi gëtt déi ënnescht Walz direkt ugedriwwen, an déi iewescht iwwer Zännrieder déi vun engem Zännkranz op der ënneschter Walz beweegt ginn. Um Bild hei niewendrun ass e Walzwierk ze gesinn, bei deem eng Boîte tëscht de Walzen an dem Haaptundriff steet, déi déi Zännrieder ersetzt, an an där och d'Inversioun vun der Rotatioun gemaach gëtt.

Wa méi sou Gerëschter hanerenee stinn, schwätzt ee vun enger Walzstrooss oder Train.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Walzwierker – Biller, Videoen oder Audiodateien