Wandenergieanlag

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wandrad zu Koxhausen (Äifel, D) - 29.05.2008 (8,4" / 269 KB)

Eng Wandenergieanlag verwandelt d'kinetesch Energie vum Wand an elektresch Energie ëm a speist se an d'Stroumnetz. Dat geschitt andeems de Wand op d'Rotorblieder awierkt sou datt de Rotor dréint. De Rotor gëtt dës Rotatiounsenergie un e Generator virun, deen doraus Stroum mécht.

Wandenergieanlagen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Wandenergieanlag zu Lëtzebuerg gouf 1995 zu Eschduerf an de Gemeng Heischent opgeriicht. Si huet eng Nennleeschtung vun 12,5 kW.

Den éischte Wandpark zu Lëtzebuerg goung 1996 um Pafebierg an der Gemeng Mompech un d'Netz. Dëse Wandpark mat véier Wandenergieanlagen huet eng Gesamtnennleeschtung vun 2000 kW.

2005 huet d'Agence de l'Energie S.A. 38 Wandenergieanlagen zu Lëtzebuerg opgelëscht, mat enger Gesamtnennleeschtung vu 35314,5 kW. D'Joresstroumproduktioun vun dëse Wandenergieanlagen decken de Joresstroumverbrauch vun engen 13.000 Stéit.

Lëscht vun de Wandenergieanlagen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Kleng Anlagen[änneren | Quelltext änneren]

Wandparken[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]