Wareniki

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wareniki mat Fleesch gefëllt a mat Smetana zervéiert
Wareniki mat Sauerkiischte gefëllt als Dessert

Wareniki (ru./ukr. Вареники) sinn e Plat aus der ukrainescher Kichen, deen awer um ganze Gebitt vun der fréirer Sowjetunioun beléift ass, an aus klenge méi oder wéineger hallefronnen Täschen aus Deeg besteet, déi mat Gehaaktes, Gromperen, Champignonen oder Friichte gefëllt sinn. Dacks gi se mat Smetana zervéiert, et kann ee se awer och mat Hunneg oder Gebees iessen.

Den Deeg fir Wareniki besteet aus Weessmiel, Waasser, Salz an Ee. Si kënne ganz ënnerschiddlech gefëllt ginn, an der Ukrain och mat Fleesch, wat a Russland awer net de Fall ass. Da gi se a Salzwaasser gekacht bis datt se opdauchen.

Réi kënne se awer och agefruer gi fir spéider séier no dräi Minutte Kache prett um Dësch ze sinn.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Wareniki – Biller, Videoen oder Audiodateien