Warrant

Vu Wikipedia

E Warrant ass e Souscriptiounsbong. Dëse Bong oder och nach Optiounschäi genannt gëtt sengem Besëtzer d'Recht, fir eng Aktie oder eng aner Wuer zu engem am Emissiounsprospekt festgeluechte Präis, bis zu engem gewëssenen Datum, ze kafen.

An der Reegel gëtt de Warrant separat op der Bourse gehandelt. Säi Präis variéiert mat der Evolutioun vum Cours vun der Wuer déi kaaft ka ginn. Nom Verfallsdatum ass de Bong näischt méi wäert.