Warren Buffett
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Warren Edward Buffett, gebuer den 30. August 1930 zu Omaha, Nebraska, USA, ass en amerikaneschen Investisseur mat engem, 2010, geschate Privatverméige vu 47 Mrd. US-Dollar. [1]
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Verméigen
Hien zielt zenter Joren zu de räichste Leit op der Welt, 2010 fënnt een en op der drëtter Plaz, nom Carlos Slim a Billy Gates. [1]
E groussen Deel vu sengem Verméigen ass an där vun him opgebauten Investment-Firma Berkshire Hathaway ugeluecht.
[änneren] De Philanthrop
Den 16. Juni 2010 huet hien ugekënnegt, no an no 99% vu senger Fortune u fënnef Stëftungen ze verschenken.[2] De gréissten Deel soll, der Zäitschrëft Fortune no, un d'Bill & Melinda Gates Foundation goen, e méi klengen Deel u véier Buffett-Famillen-Stëftunge.
[änneren] Zitater
- Den dommste Grond, eng Aktie ze kafen ass, well se klëmmt.
- Déi éischt Regel heescht: Verléier ni Geld. Regel zwee heescht: Vergiess ni Regel eent.
- Eréischt wann d'Mier zréckgeet, gesäit een, wien ouni Schwammbox an d'Waasser gaang ass.
- Eng Aktie, déi een net bereet ass 10 Joer laang ze halen, däerf een och net zéng Minutten a sengem Besëtz hunn.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Warren Buffett – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Berkshire Hathaway (engl.)
- Warren Buffett Informatiounen (engl.)
- Eng Discussioun mam Warren Buffett a Bill a Melinda Gates
- Dem Warren Buffett seng Strategie beim Uleeën vu Geld