Watermael-Boitsfort - Watermaal-Bosvoorde
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Communautéit | Franséisch Communautéit Flämesch Communautéit |
||||
| Provënz | |||||
| Arrondissement | Bruxelles-Capitale | ||||
| Telefonszon | 02 | ||||
| Postcode | 1170 | ||||
| Koordinaten | 50° 48' 00" N 04° 24' 00" O |
||||
| Fläch | 1 273 ha | ||||
| Bevëlkerung | 24 134 (1. Jan. 2008) | ||||
|
Lag vun der Gemeng (rout) an der Haaptstadregioun (hellgro) |
|||||
Watermael-Boitsfort (fr.), respektiv Watermaal-Bosvoorde (nl.), ass eng vun den 19 zweesproochege belsche Gemengen an der Haaptstadregioun Bréissel. Se läit um Bord vun der Forêt de Soignes/Zoniënwoud, engem grousse Bëschareal am Südoste vu Bréissel. Et ass, dem Akommes vu sengen Awunner no, déi räichst Gemeng an der Haaptstadregioun.
D'Gemeng setzt sech zesummen aus de fréieren Uertschafte Watermael a Boitsfort, a bis uganks vum 19. Joerhonnert huet och Auderghem dozougehéiert. Haut grenzt se un d'Bréisseler Gemengen Ixelles, Bréissel, Uccle an Auderghem, an, an der Provënz Flämesche Brabant, un Hoeilaart, Overijse a Sint-Genesius-Rode
Kuckeswäertes [änneren]
Bekannt ass Watermael-Boitsfort fir seng zwou Cité-jardins, Le Floréal a Le Logis, Kolonien am englesche Cottage-Stil vum Urbanist Louis Van der Swaelmen, déi bis haut hire Charakter versuergt hunn, a schonns dacks als Filmset gebraucht goufen. Se gi vu Cooperativë géréiert a stinn haut ënner Denkmolschutz.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Watermael-Boitsfort – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Franséisch Nimm: Anderlecht | Auderghem | Berchem-Sainte-Agathe | Bruxelles | Etterbeek | Evere | Forest | Ganshoren | Ixelles | Jette | Koekelberg | Molenbeek-Saint-Jean | Saint Gilles | Saint-Josse-ten-Noode | Schaerbeek | Uccle | Watermael-Boitsfort | Woluwe-Saint-Lambert | Woluwe-Saint-Pierre
Flämesch Nimm: Anderlecht | Brussel | Elsene | Etterbeek | Evere | Ganshoren | Jette | Koekelberg | Oudergem | Schaarbeek | Sint-Agatha-Berchem | Sint-Gillis | Sint-Jans-Molenbeek | Sint-Joost-ten-Node | Sint-Lambrechts-Woluwe | Sint-Pieters-Woluwe | Ukkel | Vorst | Watermaal-Bosvoorde |