Santa Claus

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Weihnachtsmann)
"Merry Old Santa Claus", Holzschnëtt vum 1. Januar 1881
Moderne Santa Claus

De Santa Claus ass eng Figur, déi a ville westleche Kulture mat Chrëschtdag verbonne gëtt, awer virun allem an den USA am 19. Joerhonnert populariséiert gouf. Op se elo Santa Claus oder Father Christmas am engleschen, Weihnachtsmann am Däitschen oder Père Noël am Franséische genannt gëtt, hir Haaptfunktioun ass fir de Kanner Kaddoen an hir Haiser ze bréngen an der Nuecht vun Helleg Owend op Chrëschtdag, tëscht dem 24. a 25. Dezember.

Europäesch Auswanderer hunn de Kleeschen-Brauch mat an d'USA bruecht. Besonnesch an den hollännesche Kolonië gouf d'Sinterklaasfest gefeiert, absënns well den Hellegen Niklos och Patréiner vun Nei Amsterdam, dem spéideren New York war. Aus Sinterklaas gouf Saint Claus a schliisslech Santa Claus.

Den haitege populäre Mythos vum Santa Claus, deen op engem vu Rendéiere gezunnene Schlitt reest, heemlech duerch de Kamäin an d'Haiser klëmmt an do Kaddoe verdeelt, geet zeréck op dat 1823 anonym verëffentlecht Gedicht The Night before Christmas. Dat bekannt Rendéier Rudolph koum 1939 duerch e Gedicht vum Robert L. May dobäi.

D'Ausgesi mat roudem Mantel, wäissem Baart an déckem Bauch krut de Santa Claus eng éischt Kéier 1863 vum däitschen Auswanderer a Karikaturist Thomas Nast, deen e sou fir den Harper's Weekly gezeechent huet. Seng Virstellung baséiert op dem pfälzesche "Belznickel", eng regional Chrëschtfigur aus dem 19. Joerhonnert, déi en nach aus senger Kandheet kannt huet.

Dëst Bild vum Thomas Nast gouf vum US-amerikanesche Graphiker a Cartoonist Haddon Sundblom opgegraff, deen 1931 fir d'Coca-Cola Company am Kader vun enger Publicitéitscampagne de Santa Claus gezeechent huet. Déi Reklamm war sou erfollegräich, datt d'Ausgesi vum Santa Claus duerno Coca Cola zougeschriwwe gouf, obwuel et wéi gesot scho vill Jore virdru regional bekannt war. Ouni Zweiwel huet dës Reklamm dës Virstellung vum Santa Claus awer populariséiert an nohalteg geprägt.

Schockelasversioun

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Santa Claus – Biller, Videoen oder Audiodateien