Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
 |
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Weimar ass eng kreesfräi Universtéitsstad an Thüringen an Däitschland. D'Stad läit un der Ilm an ass international als Kulturstad bekannt, well eng ganz Rëtsch vu bekannte Kënschtler, Schrëftsteller oder Museker do gelieft a gewierkt hunn. Bekannt ass Weimar an éischter Linn duerch d'Weimarer Klassik an hir Vertrieder, de Goethe, de Schiller, de Wieland an den Herder. Donieft gouf am Joer 1919 am Nationaltheater zu Weimar d'Verfassung vun der Weimarer Republik vun der Nationalversammlung opgesat. Am selwechte Joer huet de Walter Gropius d'Staatlecht Bauhaus Weimar gegrënnt.
Kuckeswäertes (Auswiel) [änneren]
Wéinst senger villsäiteger Geschicht, gëtt et vill Kuckeswäertes zu Weimar:
- D'Herzogin Anna Amalia Bibliothéik
- Den däitschen Nationaltheater
- Liszthaus
- Goethehaus
- Schillerhaus
- Goethe-Schiller Monument
- Stadschlass
- Park un der Ilm an d'Goethe Gartenhaus
- Schlass an de Park Belvedere
- Herderkierch
Universitéiten / Héichschoulen [änneren]