Wendell Meredith Stanley

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wendell Meredith Stanley
Gebuer 16. August 1904
Ridgeville
Gestuerwen 15. Juni 1971
Salamanca
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun University of Illinois at Urbana-Champaign,
Earlham College
Aktivitéit Biochimist, Virolog, Chimist, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller
Member vun American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, Académie des sciences, National Academy of Sciences


De Wendell Meredith Stanley, gebuer de 16. August 1904 zu Ridgeville am Indiana a gestuerwen de 15. Juni 1971 zu Salamanca a Spuenien, war en US-amerikanesche, Biocheemiker a Virolog.

De Stanley war deen éischten, deen eendeiteg d'Existenz vu Viren noweise konnt, andeems en den Tubakmosaikvirus kristalliséiere konnt. Hien huet den 28. Juni 1935 am US-Wëssenschaftsmagazine Science doriwwer geschriwwen[1].

1946 krut hien zesumme mam John Howard Northrop den Nobelpräis fir Chimie fir hir Beschreiwung vun Enzymen a Virus-Proteinnen a renger Form, iwwerdeems den James Batcheller Sumner dat selwecht Joer de Präis fir seng Entdeckung vun der Kristalliséierbarkeet vun Enzyme krut.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wendell Meredith Stanley – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Scobey: Polio Caused By Exogenous Virus? Archivéiert op 2004-06-29. Gekuckt de(n) 2004-06-29.