Werner-Plang

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Werner-Plang ass nom Lëtzebuerger Politiker Pierre Werner genannt.

Op enger Ried op engem Parteikongress vun der däitscher CDU, am Januar 1968, huet de Pierre Werner e Fënnef-Punkte-Plang virgestallt, deen exposéiert, wéi et zu enger Wirtschafts- a Währungsunioun an Europa kéint kommen. Den Interessi war grouss: Am September 1968 huet e säin Exposé virun de Finanzministere vun der EWG widderholl, an duerno, am Dezember 1969, um Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen zu Den Haag. Dës hunn dann och am Mäerz 1970 e Grupp agesat, mam Werner un der Spëtzt, fir e Plang auszeschaffen, dee soll duerleeën, wéi een etappeweis zu enger europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun sollt kommen.

De Rapport, deen dëse Grupp ausschafft, an deen no sengem President "Werner-Plang" genannt gëtt, hält fest, datt d'Wirtschaftspolitiken openeen ofgestëmmt gi mussen, datt et néideg ass, gemeinsam Instanzen ze grënne fir Decisiounen ze huelen, datt d'Gouverneure vun den Zentralbanken an engem Comité zesummegefaasst solle ginn, datt d'Variatioune vun de Wiesselcoursen ënnerenee limitéiert musse ginn, an datt en europäesche Fong soll geschafe ginn, fir d'Course wann néideg, ze stäipen.

De Werner-Plang ass zwar gutt ukomm, mä d'Auswierkunge vum Zesummebroch vum Bretton Woods-System 1971 a vun der Pëtrollskris 1973 op déi europäesch Economie hunn dozou gefouert, datt de Plang einstweilen e Plang bliwwen ass.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

Eréischt an den 1980er Joren krut d'Iddi vun enger Europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun en neien Ulaf, deen zu der Adoptioun vum Euro 1999 sollt féieren.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]